Wannechgelift
Ech sinn ee friddleche Bierger a wëll selwer iwwer mäi Kierper entscheeden
D’Lëtzebuerger Regierung schreift mir: „Loosst Iech wannechgelift impfen!“. Dofir erlaben ech mir Iech ze schreiwen: „Schwätzt wannechgelift mat deene Leit, déi sech net wëllen impfe loossen!“
Schwätzt wannechgelift mat mir, aplaz de physeschen Drock ëmmer méi ze erhéijen. Ech sinn net méi d’Accord mat der Aart a Weis.
Ech si keen Impfgéigner. Ech behaapten net, dass et kee Corona-Virus gëtt. Ech sinn ee friddleche Bierger. Ech wëll selwer iwwer mäi Kierper entscheeden.
Mee leider gëtt op esou Leit net gelauschtert, si hu keng Chance, fir sech kënnen ze erklären, si ginn ewell diskriminéiert. Dofir dëst Schreiwes.
Ech stelle fest, un Hand vun Zuelen, déi een sech jo op ville Platzen am Internet ka besuergen, dass trotz der Impfung dëse Wanter massiv méi Leit positiv getest ginn. Ech stelle fest, dass nëmme méi vun Omicron geschwat gëtt, an dass d’Zuele vun de Leit déi schlëmm krank ginn, geréng sinn.
Ech stelle fest, dass d’Gëltegkeetsdauer vun der Impfung ëmmer méi kuerz gëtt.
Ech widderhuelen nach eng Kéier, dass ech net géint impfe sinn.
Eng Impfung géint Tetanus z.B. ass fir mech keen Thema, a wann et eng Impfung géint Kriibs géif ginn, déi wierkt, géif ech an der éischter Rei stoen.
Awer net elo, wou kee mir soe kann, géint wat dat Mëttel soll wierken, wat ech gesprëtzt kréien a wat d’Niewewierkunge sinn.
Ech kenne mäin Kierper lo no 63 Joer ewell ganz gutt, an ech weess, dass hie ganz empfindlech op all Zort vu Medikament reagéiert. Ech huelen doduerch keng Medikamenter an, ausser fir een akuten Noutfall. Ech war a menger Kandheet no der Schluckimpfung géint Kinderlähmung vill krank a konnt e puer Méint net méi richteg goen. Aus deene virgenannte Grënn wëll ech mech elo net impfe loossen.
Ech hu Verständnis fir déi Leit, déi sech impfe loossen, déi et aus Iwwerzeegung maachen. Et soll ebe jidderee säi fräie Choix hunn.
Ech hunn de grousse Virdeel, dass ech elo an der Pensioun sinn, vill Leit, déi änlech Grënn hunn, wéi ech, fir sech net impfen ze loossen, ginn duerch Är Mesurë gezwongen. E groussen Deel kréien och nach moraleschen a psycheschen Drock op hirer Aarbecht gemaach a si mat den Nerven um Enn. Si gi gezwongen, sech impfen ze loossen, well se soss hir Aarbecht verléieren. Sie ginn diskriminéiert. Eppes stëmmt net méi!
Ech hunn eise Kanner ëmmer erzielt, mir wieren hei an engem demokratesche Land, do wou jiddereen seng Meenung ka soen, wou zesummen diskutéiert gëtt a Léisunge gesicht ginn, mee wou ass dat alles hin?
René Summer, Lëtzebuerg