Sënnlosegkeet vum Krich
Mir mussen ophalen, Mënschen ze veréieren, well si Suen hunn an eng Positioun an der Gesellschaft
All Mënsch verdeedegt seng Famill, säin Heem a seng Heemecht. Esou ass et einfach, fir en Diktator, sengen Zaldoten den Uerder ze ginn, an de Krich ze zéien. Refüséiert e russeschen Zaldot, da weess hien, dat säi Liewen an dat vu senger Famill a Gefor ass. Ukrainesch Zaldote verdeedegen och hir Heemecht an hir Famill.
En Zaldot huet nëmme Chance de Krich ze iwwerliewen, wann hie Gefiller, ewéi Respekt, Matgefill a Versteesdemech verdrängt. Et läit net an der Natur vum Mënsch seng Matmënschen ëmzebréngen. Den Zaldot muss ëmmer méi zum Roboter a Psychopat gedrillt ginn, deen dout mécht an zerstéiert, soss
Ewéi kënne mir an der Zukunft esou e sënnlose Krich de Mënschen erspueren, freet d'Autrice. iwwerlieft hien net. An de Massegriewer si Läichen, déi bis zur Onkenntlechkeet verstümmelt sinn. Et behandelt een seng Matmënschen esou, ewéi een sech selwer fillt.
Do freet een sech, ewéi et an dësem Joerhonnert nach méiglech ass, dat een Diktator esou vill Muecht huet. Säin Uerder bréngt onendlecht Leed, Trauer, Dout, Angscht, Verzweiwlung an eng onbeschreiflech Grausamkeet iwwert Mënschen am Krich.
Ewéi kënne mir an der Zukunft esou e sënnlose Krich de Mënschen erspueren? Mir brauche keng Patriarchen oder Moralapostelen. Kanner musse léieren, dat een eppes net däerf, well een sech selwer, oder Anere schued, an net well Erwuessener dat esou ordonéieren. Kanner brauchen Erwuessener, als Virbiller, déi hinne weisen, dat Gesetzer do sinn, fir eist Zesummeliewen ze schützen an esou als Gesellschaft kënnen ze funktionéieren.
Mir mussen ophalen, Mënschen als Iwwermënschen ze veréieren, well si Suen hunn an eng Positioun an der Gesellschaft, an esou hir Muecht stäerken. Nëmmen zesumme schaffe mir et Pandemien, Klimakatastrophen ze meeschteren. Gléck läit net doranner, ëmmer méi ze hunn, mee alles gerecht ze verdeelen. Mir kënnen eis et net méi leeschten, Suen ze verbëtze fir Waffen ze kafen, déi Liewen zerstéieren an Ëmwelt futti maachen.
Dorothée Müller-Mathieu,
Schëffleng