Loosst äis dach dat Bëssen, dat mir hunn
Reaktioun op d'Gazettchen „Pinkelnde Plagegeister“
Léiwe Volker! Are Virnumm verréit mir, datt Dir nun emol net „vun hei“sidd, an dofir verstin ech, datt Dir kee besonnesche Problem mat der „Ameis“huet, déi am Lëtzebuergeschen ower net heiheem ass. Mir sti meng al gro Hoer och duefir net d’Luucht aus, wann Dir Iech fir den däitschen Numm fir dat Kruwweldéierchen asetzt. Wat maacht Dir da mam „Podcast“der „Resilienz“… Am Däitschen?
Bedenkt ower emol, datt just Déieren- a Planzennimm an eisen 2 560 km2 hirt eegent Liewen hunn, an dat zënter Mënschegedenken. Bei äis ass nun emol eng „Bratzel“ni „Schnëttlauch“an eng „Porett“gëtt och bestëmmt ni „Lauch“; „Pflänzlinge“sinn a bleiwe „Kéil“, „Kréischele“gi mat Sécherheet keng „Staachelbieren“a „Molbier“keng „Heedelbier“…
Wann Dir mengt, et wier egal, ob een op Lëtzebuergesch vun enger „Ameis“aplaz enger „Seejomes“schwätzt, da gëllt jo och geschwënn eng „Wesp“, de „Schmetterling“
ersetzt definitiv de „Päiperlek/Pimpampel/Millermoaler“; de „Mäikäfer“verdréckt dann eist „Meedéier“an de „Kiewerlek“, den „Akeschësser“, d'„Kaulquapp“ermëlzt de „Kauzekapp“, an, an, an … Datt eis kleng Sproochelchen ës duerch dat däitschsproochegt „Fernsehen“zënter dräi Generatiounen op d‘Kopp kritt an d’Zeitungsdäitsch him och net apaart guttdeet, läit jo däitlech op der Hand; do sinn déi puer franséisch Ausdréck kee Verglach! Leider gëtt een als däitschfeindlech „geschleeft“, wann een dat objektiv noweisbar behaapt. Quatsch. Et geet hei dach net ëm fir oder géint dës oder déi Sprooch; dat wier fir e Lëtzebuerger domm, well mir brauchen se all … ower loosst äis dach, wannechglifft, dat Bëssen, dat mir hunn.
Lex Roth, Lëtzebuerg
Dëst ass eng Äntwert op d'Gazettchen „Pinkelnde Plagegeister“vum 31. Mee 2022.