Fir méi Frënd Roby Sauer
Béim Roby war Musik a Gesank Pätter a Giedel. Vua seinem Papp hat hän dat musikalischt Talent an den Humor an alle Liäwenslagen geierft.
Wi séi Papp Nic hot de Roby Klarinett geléiert. E gung an d'Stad op de „Conservatoire“. Fir Examensstéck hot hän de KlarinetteConcerto vuam W. A. Mozart gespillt, an zwar su perfekt, datt de Jury sich entschëlligt hot, well en dem Robby nëmme konnt 60 Punkte gän. All Kéier, wann hän vuan dem Paradestéck vuan em Klarinettist geschwat hot, guf och séi fréieren Dirigent Emile Hoffmann ernimmt: „Fir de Klarinette-Concerto ze spillen muss ä fir d'ischt beichten a kommunizieren!“
En aneren Dirigent vuan der Veiner Musik, de Jos Kinzé, hot de Klarinettist Roby Sauer am beste beschriiwen; „De Roby, dee weess net, wéi schéi Klarinett e spillt!“Dat war de Roby. Bescheiden bis zum d'gät net méi! Wann hän e Solo gespillt hot, heet en sich am léiwsten hannert er Rido verstoppt!
De Roby sollt eigentlich an d'Militärmusik goen. Doarfir heet d'Armée awer missten op Veinen plënneren! De Roby hot Route gewinkt a matt meinem Papp, Junkisch
Nikela, zu Veinen am Altersheim geschafft. E poar Joar dropp krut hän en Plaz am Magasin op der SEO zu Veinen. Gout fir Musik a Gesank. Lo hot hä misten zu Veine bleiwen.
Nom Emile Burggraff guf de Roby 1955 Dirigent vuam Veiner Gesank; 55 Joar mi spitt hot hän den Taktstaf oafgän, bluf als tounsëcheren 2. Tenor en Stéip vuan der „Chorale Trinitaire“.
Och béi der Veiner Musik hot en et laang gepackt: vua 1945 bis 2010 war hän active Member. Nom Jos Kinzé kruten di Veiner Musikanten de Roby, am Joar 1967, als
Dirigent. Do hot en et 20 Jor laang gepackt, an ass sugoar zu Ettelbréck om Musiksconcours mat seiner Musik en Divisiunn mi hi geklommen. Dat war nooch en Dirigent! En hot Proufe gehalen, Stëmmen emgeschriwen, Solfège- an Instrumente-Coursen gehalen, Concerte dirigiert, kän Sondesmass gefeelt, war all Dëppefest derbéi ... Hä war Dag a Noacht fir sein Musik a séi Gesank ënnerwees. (Vuan noachts hot sein Fra d'Josette nët su schrecklich vill gehalen, mä et hot sich och dodrua gewiént!).
Mir wusste vuam Roby seiner Krankhät. Mir wussten, datt di leetzt Mint sein Gesondhät oafgeholl hot. Ech hon e net méi geséien, all Dag laanst mein Dir op d'Post flitzen. Dat hot wi gedoen.
An dach, Josette, Marianne a Claudine, et kënnt och nooch en Kéier d'Zéit, wu der nëmme méi uan di schi Momenter dinkt, di der mam Roby, wi dir dréi äre Mann a Papp genannt hot, erliäwt hot. Mir waren oft zesomen ... an et war ëmmer schinn!
Josette, d'Marianne an ech verspreechen Dir, datt mir, mam Roby, su laang et gät éise Nationalfeierdag an Iren halen.
Jemp Weydert