Meng Zäit, deng Zäit, eis Zäit
Iwwerleeungen zum Congé parental zu Lëtzebuerg
Den Duerchschnëttswäert vum Congé parental an den OECD-Länner läit bei 54,4 Wochen. An Schweden kann een 16 Méint, an Däitschland souguer bis zu 3 Joer Congé ufroen. Zu Lëtzebuerg läit d’Grenz beim Congé plein temps bei 6 Méint, also 26 Wochen.
Dëst kann sech allerdéngs als problematesch erweisen. Zum Beispill bei enger Famill monoparental am Fall wou eng Mamm oder e Papp no de 6 Méint Congé rëm schaffe geet an d’Kand an eng Betreiungsstruktur muss. D’Betreiungsstruktur fir e Kand, wat nach kee Joer huet, kascht nämlech de vollen Tarif, réischt ab engem Joer huet een Usprooch op 20 gratis Stonnen. Bei enger Famill monoparental besteet awer oft net d’Méiglechkeet, déi Zäit bis zum 1. Gebuertsdag mat engem 2. Congé ze iwwerbrécken an sou muss d’Kand mat 9 Méint betreit ginn – zum vollen Tarif.
D’Gehier vun engem Kand befënnt sech am 1. Liewensjoer an engem Léierprozess, dee staark vu senger Ëmwelt an den domat verbonnenen Erfarunge bestëmmt gëtt. Studie weisen, dass d’Nieren an intensiven Haut- souwéi Bléckkontakt mat Bezuchspersounen neuronal Verbindunge stäerken an sou dem Kand seng Entwécklung vum Gehier positiv ënnerstëtzen. Dat weist eis den aktuellen Stand vun der Wëssenschaft. Mee wat heescht dat fir den Alldag vun engem Kand an senger Famill? A wat bedeit et fir d’mental Gesondheet vun enger Mamm, 9 Méint no der
Gebuert rëm schaffen ze goen? Amerikanesch Studien hu gewisen, dass de Risk fir eng Depressioun bei Fraen, di nëmmen e puer Méint no der Gebuert rëm schaffen gaangen sinn, 22 % méi héich war, wéi bei Fraen, déi e längeren Zäitraum Congé geholl hunn. Dëst huet och zu enger besserer mentaler Gesondheet vun der Mamm gefouert an huet d’Dauer vun der Nierzäit verlängert. Eng vun der OECD publizéiert Studie konnt feststellen, dass et fir e Kand tëschent 6 an 12 Méint méi negativ wéi positiv Auswierkungen hat, wa seng Mamm rëm ugefaangen huet mat schaffen.
Amerikanesch Studien weisen och, dass de Congé keng negativ Effekter op d’Entreprisen huet, well Fluktuatiounen vun de Mataarbechter verréngert ginn, wat an der Reegel mat héije Käschte verbonnen ass. Manner Fluktuatiounen bedeit nämlech och manner Käschte fir Virstellungsgespréicher an d’Sich no neie Mataarbechter zum Beispill. D’Käschten, déi domat op de Staat zoukommen, si marginal am Verglach zum Notzen fir d’Famill.
Wann eng Fra e Kand kritt, fungéieren se déi éischt puer Liewenswochen an enger Form vu
Symbiose. Deen déiwen an enken Lien verstäerkt sech an den éischte Liewenswochen a Méint an hëlleft dem Kand, sech weider ze entwéckelen a baut sou en Urvertrauen op, wat d’Basis vun all spéider Relatioun ass. Dobäi kennt, dass vill Mammen hiert Kand mat 9 Méint nach nieren, wat de Start an d’Aarbechtswelt erschwéiert. Net all Aarbechtsplaz bitt adequat Méiglechkeeten, fir d’Mammen ofzepompelen an net selen mussen d’Mammen dëst an hirer Mëttegpaus op der Toilette maachen.
Och fir d’Kanner bedeit dëst eng grouss Verännerung, well se deelweis net gewinnt sinn, aus dem Biberon ze drénken a mat 9 Méint awer nach haaptsächlech vu Mëllech ernäert ginn. Ausserdeem ginn Kanner an deem Alter nach e puer mol an der Nuecht waakreg, well se Iessen an Zouwendung brauchen.
D’Duebelbelaaschtung vu Beruff a Famill gëtt nach ëmmer haaptsächlech vun der Fra gedroen. Dëst erschwéiert de Start an d’Beruffswelt ëmsou méi. Dorënner leit d’kierperlech an d’mental Gesondheet vun der Mamm respektiv dem Kand.
Michèle Senninger,
Remich