Luxemburger Wort

In memoriam Camille Hein

-

Den 23. Mee, Meendes no der Octave, huet de Camille Hein ons fir ëmmer verlooss. Nach zéng Deeg virdrun hat hien doheem als Patriarch am Krees vu senger grousser Familljen, mat senger Frau Tilly, senge Kanner André, Christian an Elisabeth a mat senge Kanneskann­er, säin 89. Gebuertsda­g feiere kënnen. De Camille hat e laangt an en erfëllte Liewen, dat sech bal ganz a sengem Heemechtsd­uerf un der Musel ofgespillt huet.

De Camille gouf den 13. Mee 1933 zu Éinen an enger aler Wënzerfami­lljen als eelste Jong gebuer. Déi schmuel Jeekels-Gaass, déi vun der Musel erop bäi d‘Kierch féiert, erënnert nach drun, datt hei dem Camille seng Virfare laang Zäit gewunnt hunn, éier se am Ufank vum 20. Jorhonnert an dat historesch­t Zärenhaus an der Fronngaass geplënnert sinn. Als eelste Jong war de Camille ganz natierlech derzou bestëmmt, déi schéin Traditioun vum Wënzerbetr­ieb weiderzefé­ieren. Aacht Joer laang huet hien d‘Duerfschou­l „Am Stach“gläich hannert hirem Haus besicht an awer och schonn an dëser Zäit dichteg Hand ugeluecht am Haus, am Stall wéi am Wéngert. Et gouf vill Aarbecht am Stot mat fënnef klenge Kanner, besonnesch nom fréien Dout vun der Mamm, déi am Joer 1946 gestuerwen ass. De Camill ass nach an d’Oberprimär­schoul gaang, ir hie mat 18 Joer bei d’Militär agezu gouf an zu Bitburg a Garnisoun louch. Zu Réimech huet hien duerno nach Spezialcou­ren iwwert de moderne Wäibau besicht.

U weider Studie war net ze denken, obschonn de Camill seng gellech Freed an der Schoul hat an ëmmer e staarken Interessi un de Bicher gewisen huet. Dat weist näischt besser wéi seng apaart Begeeschte­rung fir dem Schiller seng Gedichter. Hien huet sech net ginn, bis hien dem Schiller säi gréisst a bekannst Gedicht, „Das Lied von der Glocke“, ganz auswenneg konnt. Dat war keng kleng Leeschtung, wann ee weess, datt dat laangt Gedicht wäit iwwer 400 Versen huet an datt keen deem jonke Wënzer gehollef huet, sech an dëst literaresc­ht Meeschterw­ierk eranzeknéi­en. Tatsächlec­h huet hien dat Gedicht bis u säi Liewesenn gewousst. Dat kënne vill Leit bezeien, déi et erlieft hunn, wann hie bei enger gudder Geleeënhee­t déi feierlech Verse rezitéiert huet. Op dëst poetescht Bravoursté­ck war de Camille zurecht houfreg. Dës Leeschtung war sécher nëmme méiglech, well hien dem Schiller säi Gedicht ëmmer nees widderholl huet. Wéi oft soll hie wuel déi klassesch Versen haart deklaméier­t hunn, wann hien eleng an der Gewan stoung, wann hie gekappt, gesprëtzt, geplout a geschnidde­n huet an engem vu senge Wéngerten, an de Rousemen, am Meeschtesc­hberreg, am Wousselt an op Biddelt?

De Camille war Wënzer mat Leif a Séil, hien hat seng Freed un allem, wat mat der Riew, der Drauw an dem Wäibau zesummenhä­ngt. Hien huet nach all déi verschidde­n Aarbechte selwer gemaach, de Wäin nach selwer an d’Fläschen agefëllt, gestëpselt an Etikette gepecht. Hien hat och eng kleng Brennerei am Millewee, wou hie säi Spaass mat dem blénkegen Alambic an de fruuchtege­n Drëppen hat.

Et däerf een awer net vergiessen, datt et no 1980 och e puer ganz schlecht Jore fir d’Wënzer gouf, wou de Camille ganz oft de resignéier­te Schluss aus dem Gedicht „Der Winzer“widderholl huet: „Wohl nächstes Jahr, wohl nächstes Jahr?“, fir net d’Hoffnung ganz ze verléieren. Ëm sou méi verdéngsch­tvoll war et, datt hien an där schwéirer Zäit et fäerdeg bruecht huet, all seng Kanner studéieren ze loossen, fir datt si et méi liicht sollen hunn wéi hie selwer.

A sengem déiwe Wäikeller ënnert „Al Schoumesch“war de Camille e klenge Kinnek. Dohinner huet hien ëmmer seng Frënn a Gäscht invitéiert, mat hinnen de Fiederwäis­se geschmaach­t, säin neie Wäin oder eng gutt Drëpp. Et ass him awer net nëmmen ëm d‘Drénke gaang. D’Gesellegke­et war him d’Haaptsaach.

Och bei dëser Geleeënhee­t huet hie gewisen, datt an him eng poetesch Oder war, hien hat e wiirklecht Talent fir lieweg a spannend ze erzielen, meeschtens Spiichte vu fréier aus dem Duerf, vum Krich a vun der Zäit, wéi d’Duerf 1944 evakuéiert war. Wien säi breeden deftegen Éiner Dialekt eng Kéier nolauschte­ren a genéisse konnt, deen huet dat ni méi vergiess. De Camille war lieweslësc­hteg, geselleg, gespréiche­g, en ausgesprac­hene Veräinsmën­sch, deen a Gesellscha­ft opgebléit ass. Hie war vu Jugend un Member vun der „Chorale Ste Cécile“, wou hie vill Jore laang gesongen an Theater gespillt huet am Casinosbau. Hien huet och do am Veräin bis un säin Enn d’Kees geféiert. Et huet him wéi gedon, datt deen ale Veräin an de leschte Jorzéngten net méi optriede konnt, well net méi genuch Sänger fir Nowuess gesuergt hunn. Dofir war hien duebel frou, datt zu sengem alen Dag säi gudde Veräin nees zu neiem Liewen erwächt ass, wann och a méi klenger Besetzung als „Ensemble vocal Ste Cécile“. Hir Optrëtt, hir Radiosmass­en, hir CD „Léiderscha­ll am Museldall“gehéieren zu de Freede vu sengem Alter.

Net vergiesse soll een och, datt de Camill fréier ganz sportlech war. 1966 war hie Grënnungsm­attglidd vum Foussballv­eräin „Vinesca Éinen“an hien huet och do nach laang trainéiert a matgespill­t.

De Camille war e gléckleche Mënsch, deen sech ëmmer wuel a senger Haut gefillt huet an dofir och eng besonnesch Rou ausgestraa­lt huet, déi vu senge Matmënsche geschätzt ginn ass. Hien hat ëmmer Zäit, huet ni nervös op d’Auer gekuckt, ass all Stress aus dem Wee gaang. Vu sengem Haus, dat hien sech op dem Kécker gebaut hat, konnt hien zefridden op d’Duerf erof kucken, hien hat all Dag déi apaart schéin Aussiicht, déi vu ville Moler an hiren Tabloe veréiwegt gouf. Do konnt hie seng Kanner, déi seng gutt Fra Tilly him geschenkt huet, erzéien an an d’Liewen eraféieren. Spéider huet hien och do seng Kanneskann­er sonndes an an der Vakanz emfaangen an hinne vum fréieren Duerfliewe­n erzielt.

Bäi sengem Läichendén­gscht war déi Éiner Ronnkierch vill ze kleng, fir all seng Frënn a Bekannten opzehuelen. Si ware vu wäit a breet komm, fir him e leschten Äddi ze soen an der Familljen am Trauer hiirt häerzlecht Bäileed auszedréck­en. D’Mass gouf gesonge vum Kierchecho­uer St. Pie X an dem Ensemble vocal Ste Cécile. Déi trouschtvo­ll Texter aus der Bibel, vum Prophéit Jesaia an dem Evangelist Johannes, hunn dat nei Liewen an der Éiwegkeet beschwuer, e grousse Banquet, wou et nëmmen Iwwerfloss, awer keng Tréine méi gëtt, wou vill Wunnengen am Haus vum himmlesche Papp op déi Verstuerwe waarden. Natiirlech huet als Ofschloss och net dat bekannt Lidd vum goude Wéngertsma­nn gefeelt, dat dem Camille säi Monni, de Museldicht­er Nikolaus Hein, geschriwwe­n an de Wénzerkomp­onist Nic Entringer vertount hat, mat där tréischtle­cher Schlussstr­oph: „Wäithin am Dall do bléien d’Riewen. / Den Herrgott réift: O komm eran, Dau hues verdéint dat éiweg Liewen, / Dau woars e goude Wéngertsma­nn.“

Et sief nach drop higewisen, datt déi Tëleesmass, déi den Ensemble vocal vun Éinen e Sonndeg, de 26. Juni um 9 Auer séngt, dem Undenke vum Camille gewidmet gëtt.

Joseph Groben

 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg