D'Ukrain nees „heim ins Reich“?
Wéi wäit bei verschiddene Leit e blannen Haass op d’USA ka goen, beweist e Lieserbréif vum 15. Juni. Do wëllt den Här Frank Bertemes nämlech beweisen, datt e Weiderbestoe vun enger fräier an onofhängeger Ukrain eenzeg an eleng eng nëtzlech Saach fir d’Amerikaner ass, déi doduerch hiren däiwlesche Plang duerchsetze kënnen, Europa vu Russland ze trennen. D’ganz Welt géif esou nëmmen eleng duerch den Amerikaner hir Geieregkeet en drëtte Weltkrich riskéieren. Mir als Europäer sollen dat zouloossen?
Wuel net, an duerfir, dat ass d’Konklusioun, déi den Här Bertemes zwar net selwer zitt, ma ganz kloer suggeréiert, solle mir d’Ukrain de Russe roueg iwwerloossen. Da wier de Putin berouegt, a mir kéinten nees „ami-ami“mat Russland maachen, amplaz eis den Amerikaner ze verkafen an eis vun hinnen ënnerjache loossen.
Ech sinn entsat!! Wa mer deem Här do nolauschteren a seng Logik unhuelen, dann hätten d’Amerikaner Lëtzebuerg roueg dem Hitler sollen iwwerloossen. Dee wollt jo och nëmmen dat Bescht fir eis. Hie wollt eis jo – esou wéi de Putin mat der Ukrain – nees „Heim ins Reich“huelen, eis déi verluere Lännereie bis op Prag hannescht ginn. Dat hunn déi béis Amerikaner awer net wëllen zouloossen. Dann hätten si eis jo net méi weider kënnen ausbeuten, andeems si eis hir Kamelott fir deier Sue verkaaft hunn a bis haut verkafen.
Iwwerleeunge vun deeër Zort hu mer well zum Koreakrich gelies, an duerno zum Vietnamkrich. Och an dësen zwéi Fäll hätten d’Amerikaner déi Leit roueg de Kommunisten iwwerloosse sollen. Komescherweis hunn déi guer net esou staark dorop gehal, well aus Vietnam sinn nom Réckzuch vun den Amerikaner Dausende Vietnamesen op aremséilege Booter geflücht, genee esou wéi haut Ukrainer, déi, mengen ech, och net begeeschtert wieren, wann se mar nees an dat „Groussrussescht Räich“géifen opgeholl ginn.
Raymond Schaack, Lëtzebuerg
Dëst ass eng Reaktioun zum Lieserbréif „Cui bono, Ukraine?“vum 15. Juni 2022.