Oorem al Leit am réiche seine Spideeler
Wann den Dossier mi wichtig ass wi de Patient, geet eise Gesondheetsystem d'Baach erof
Dir sed net allän mat dem Problem. Ech hat viruan 14 Deeg en léif Persoun am Spidol, si sollt Bloutbaxtere kréien. Du guf beschloss, datt si misst do bleiwen, winst schlechtem Allgemänzoustand.
Du hot d'Patientin noots gescheelt fir op d'Toilette. Normalerweis ass si am Fleegeheim, wu si mat hirem elektrische Rollstoul prima hikënnt, sugor viruan d'Diir. Du hot si der Noochtswaach gesot, si kinnt net méi esu wéit gon. Déi hot der Patientin net gegleeft an hot si forciiert, mam Rollator ze gon. Du kum et, wi et komme musst, d'Patientin vuan 89 Jor ass gefall an hot sich ënnen am rechte Been eng Platz opgeroppt wi ee kleenen Handteeler! Awer déi Patientin steet well joerzéngtelaang ënner Bloutverdënner! Et kumm gelaaf wi ous em Kruan! Deen Dag drop hot di Patientin mir telefoniert a gesot, si wëllt elo direkt rëm heem, suansu wier et hir gaang. Du hot si missten ënnerschreiwen, datt si op eege Verantwortung heemging.
Mat der Ambulanz ass si du erëm an d'Fleegeheim komm, do honn se d'Heen iwwert dem Koop zesoomegeschlon an direkt de Verband frësch gemaach an de Bloutverdönner erofgesaat. Wann een esu Saachen erliäft, hot een als ale Mënsch besser, d'Spidol ze fiirichte wi der Deiwel d'Fixfeier! Wann der ze oft scheelt, gëtt et schuns grenzwertig! Di al Leit honn Aangst, fir ze scheelen, well d'Personal iwwerlaast ass, net erischt zanter Corona! Ech sënn 23 Mol operiert gän, an et war schu Personalmangel viruan 20 Jor!
Den deemolige Gesondheetsminister hat jo net de Culot fir ze son, eise Personalschlessel lig iwwer dem europäischen Durchschnëtt! Wann et mi wichtig ass, dass den Dossier, déi heilig Kou vuan der
CNS, stëmmt, wi datt et dem Patient goud geet, da geet eise Gesondheetsystem d'Baach erof! A mir allegoorte sënn déi Domm! Awer dat scheint jo kä vuan deenen Herrschaften an de Ministèren ze interessieren.
Claudine Meyer-Grober, infirmière en retraite,
Veinen
Dëst ass eng Reaktioun op de Lieserbréif „Fir just fënnef Minutten erklären“vum 11. Juni 2021.