Ee „wäissen Elefant*“fir d’Place de la Gare?
Ass een ënnerierdesche Parking fir e puer Dausend Vëloen sënnvoll a nohalteg?
Ass een ënnerierdesche Parking fir e puer Dausend Vëloen op der Place de la Gare wierklech sënnvoll a nohalteg?
– De Käschtepunkt an de Ressourceverbrauch fir dee Bau wären immens héich.
– Wéi bei all ënnerierdesche Parking ass et duerno net méi méiglech grouss Beem op där Plaz ze planzen.
– Onnéideg Energieverbëtzung fir
Klimatiséierung a Belëftung. – D’Konsequenze bei engem Brand an engem ënnerierdesche Parking mat villen e-Bike kéinten dramatesch sinn...
Dobäi ass et net wéi wann et keng Alternativen zu dësem “wäissen Elefant” géife ginn:
Op där aner Säit vum Gebai vun der Gare, vis-à-vis vum neie Postgebai, ass eng grouss trostlos Bëtongswüüst mat zwee Autobusquaien an dem Tracé vum Tram. Op dëser Plaz kéint mat vill manner Käschten een iwwerierdescht Parkhaus fir Vëloen entstoen, mat integréierter Gare routière, änlech wéi de Parking Gernsback um
Kierchbierg. Dat hätt och evident Virdeeler fir d’Busbenotzer, souwuel am Summer wéi am Wanter! Eng begréngte Fassad wär en zousätzlechen Atout fir d’ganz Place de la Gare.
Doriwwer eraus muss een sech allerdéngs grondsätzlech Froe stellen, betreffend d’Ausmoosse vun deem geplangte Vëlosparkhaus.
Misst een net mol fir d’éischt dofir suergen datt all Gare iwwer Land ee séchere Vëlosparking hätt? Domadder géif evitéiert ginn datt Vëloen onnéideg mam Zuch transportéiert ginn.
An där ganzer Debatt kënnt awer virun allem d’Situatioun vun de Foussgänger, déi op der Place de la Gare ëmmer méi onzoumuttbar gëtt, sou gutt wéi guer net vir.
Den ëffentleche Raum ass vill méi wéi nëmmen e Verkéierssystem!
Vicky Mertens, Lëtzebuerg-Gare