Wormer d’Rieslingsgemeen invitéiert!
Et sinn ewell 21 Joer, datt mir eis den 3. Weekend am September am Kalenner usträichen, well dann ass dräi Deeg laang Riesling Open an eise 5 Wënzerdierfer Éinen, Wormer, Wormerberreg, Ohn a Meechtem, wou sech alles ëm de Riesling an eis Rieslingskinnigin dréit. Eng léifgewonnen Traditioun déi iech et erlaabt an den oppene Kelleren, Wäistuffen a Wäigäert eng ëmfangräich Auswiel un Top-Wäiner ze schmaachen.
Nodeems d’LARA e wonnerbaren Job geleescht huet, geet eist Fest um Freidegowend un mat der Kréinung vun der neier Rieslingskinnigin CÉLINE. Niewent deenen handverliesene Gäscht déi d’Gemeen an de grousse Festsall op Wormer aluet, hu fir déi zweet Kéier och aner Visiteuren d’Chance bei eiser Riesling-Wäiprouf, déi sech iwwert den Owend zitt, matzemaachen.
Obwuel mer dës Joer matzen an der Drauwelies sinn, hunn eis renomméiert Wënzerbetriber sech och dës Joer nees gutt druginn, datt dir samschdes a sonndes zwee ausgeloossener Deeg an der Rieslingsgemeen kënnt erliewen. Fir eis Wäindrénker an hongreg Visiteure si flott Programmer a Menüen op d’Been gestallt ginn. A villäicht kënne se eis jo scho verrode wéi deen neie Wäi gëtt.
Bus a Schëff maache sonndes d‘Navette, fir datt de Riesling Open ee bequeemt Erliefnis fir déi ganz Famill ass.
Kommt op d’Musel duerch eis gefëllte Gaasse flanéieren, bei eis 16 Betriber schmaachen a mat Leit poteren déi e kënnt oder eréischt kenneléiert. Dat geet och ganz gutt, well eise Riesling mécht äerdeg a gespréicheg.
Mathis AST Buergermeeschter vun der
Rieslingsgemeen