Déi kleng Leit an d’Mëttelschicht entlaaschten
Fir dass zu Lëtzebuerg aus der Energie-Kris keng Sozial-Kris gëtt
„Et ass alles einfach schrecklech deier ginn …“– Op RTL.lu huet kierzlech een dëse Kommentar hannerlooss als Reaktioun op eng vun deene villen Nouvellen, mat deene mir all opgefuerdert ginn, fir ze spueren: kollektiv spueren. Manner Gas, manner Stroum, manner Bensinn an Diesel verbrauchen.
Kollektiv spueren! Dat ass d’Mantra fir déi nächst Wochen a Méint. Spueren a manner verbrauchen! Dat ass awer méi einfach gesot wéi gemaach! Mir mussen ons Gewunnechten änneren an ons upassen. Upassen un déi nei sozio-ekonomesch Realitéit, déi duerch déi russesch Attack op d’Ukrain an deen domat verbonnene Gas-Krich ausgeléist ginn ass.
Eppes steet op alle Fall elo well fest: Et wäert een haarde Wanter ginn. An et steet och nach an de Stären, wéi et duerno weider geet. Dat hänkt ënner anerem och vun onser Consommatioun of an dovunner, wéi vill Reserve mir hunn. Mee do schéngt et jo entretemps esou ze sinn, datt mir ons keng Gedanke méi brauchen ze maachen.
Mee wéi haart gëtt de Wanter a Saachen Temperaturen? Et ass aktuell nach ze fréi, fir eng Prognos ofzeginn. Just esou vill: Et ass alles dran, vun engem ganz mëlle Wanter bis hin zu knackeg-kale Minusgraden.
Dat wär net gutt. Vill Haiser, speziell an deene groussen Agglomeratiounen, si schlecht oder net genuch isoléiert. D’Fënsteren an d’Diech sinn energietechnesch alles anescht wéi um leschte Stand. D’Bausubstanz ass do eng ganz aner wéi beispillsweis an deene méi neie Quartieren.
Wat mech perséinlech awer erstaunt huet an der ganzer Diskussioun ronderëm d’Energiespueren ass, datt ufanks just iwwer d’Präishausse beim Gas geschwat ginn ass. Eng ganz Partie Leit hei am Land sinn awer net un de Gas-Reseau ugeschloss. Dat an éischter Linn am Norden an och am Osten.
28 Prozent vun alle Stéit hëtze mat Masutt
Vun deenen 250 000 Stéit insgesamt hei am Land hëtzen 28 Prozent nach klassesch mat Masutt. De Brennes ass an de leschten zwee Joer awer och zolidd an d’Luucht gaangen. Huet een nach am August 2020 fir 2 000 Liter Masutt 852 Euro misse bezuelen, huet ee misse 24 Méint méi spéit 2 400 Euro berappen.
Bei de Pellets ass et dat selwecht Bild: Virun zwielef Méint huet ee Sak véier Euro kascht, haut sinn et zeng Euro. Wann een der iwwerhaapt kritt, well bei de Fournisseure gëtt et kaum Stock. Dat ass awer eng Thematik, déi kaum ugeschwat gëtt.
An der Tripartite goufe gutt Decisioune geholl. D’Präisser vu Gas a Brennes gi gedeckelt oder, besser gesot, agefruer. Ech wëll elo net am Detail op déi Decisiounen agoen, mee an deem Kontext just soen, datt meng Partei, d‘CSV, schonns virun enger Rei Méint genau déi Mesure gefuerdert huet.
Am Fong ass et erstaunlech, wann dann op eemol eppes als déi „Super-Iddi“verkaaft gëtt, wat ewell méi laang eng vun den Optioune war. Dës Kéier ass et dann och esou, datt all d’Sozialpartner d’Decisioune mat gedroen hunn an den Index net manipuléiert gëtt.
Et ass einfach alles schrecklech deier ginn
Onofhängeg vun der Problematik vum Hëtzes, géing ech gären zeréck op den Kommentar op RTL.lu kommen: „Et ass einfach alles schrecklech deier ginn…“Jo, et ass effektiv esou, datt alles méi deier ginn ass. Schrecklech méi deier.
Hei e puer Beispiller aus dem Beräich Liewensmëttel, wat d’Präisentwécklung vum Juli 2021 op Juli 2022 betrëfft: Brout: +9,48%, Botter: +8,53%, Ham: +12,05%, Kaffi: +11,19%, Nuddelen: +19,14%.
Déi Leit, déi een Tour op d’Fouer maache waren, hu gesinn, wat d’Pont Kiischten elo kascht, fir et mol salopp ze formuléieren. Mee och am NonFood-Beräich ginn et zolidd Haussen: Autospneuen: +14,16%, Bankservicer: +12,51%, Gaardemiwwelen: