Wat brauche Kanner an der Stad?
Spillplaze sinn eng Méiglechkeet fir den natierleche Beweegungsdrang vun de Kanner ze decken. A well eng Spillplaz och politesch dankbar ze verkafen ass, hunn déi Stater Responsabel decidéiert, tabula rasa vun der bestoender Spillplaz am Märeler Parc ze maachen, an e ganz neie Projet ass ausgeschafft ginn.
Mä wie brauch dat? Kanner brauche Plaz fir sech ze beweegen a fir hirer Spillfantasie fräie Laf ze loossen. Si mussen sech mat der Natur reconnectéieren an sech entspane kënnen. All dës Krittäre gi scho vun der aktueller Spillplaz erfëllt, déi lo scho vu ville Famille besicht an appreciéiert gëtt.
Déi geplangte Spillplaz iwwerzeegt ons net, si gesäit grouss Uewerfläche vir, déi duerch Beton oder Kiselsteng versigelt sinn. Grad an Zäite, wou mir ëmmer méi mat Extremwiederbedingungen ze dinn hunn, ass eng weider Versigelung vum Terrain kontraproduktiv.
Des Weidere soll déi nei Spillplaz vill héich Tierm hunn, fir eropzeklammen an iwwer Brécke vun engem Tuerm an den aneren ze goen. Dës Baute wäerten dat natierlecht Bild vum Märeler Parc fir ëmmer veränneren. Anstatt an en naturnot Ëmfeld anzetauchen, wäerten d’Leit sech lo un eng Luna-Parc-Atmosphär musse gewinnen.
Déi nächst Fro ass, wéi laang dauert de Chantier? D’Autoritéite soe sechs Méint. Wien an der Stad schonn iergendengem Chantier nogekuckt huet, weess, dass sechs Méint illusoresch sinn. Wou sollen d’Elteren an d’Kanner aus dem Märeler Quartier an der Stad wärend der Bauzäit auswäichen? Hei gëtt probéiert, en elo scho ronnt Rad nei z’erfannen!
De prolongéierten zäitleche Verzicht op eng gewinnte Spillplaz bréngt vill Nodeeler, déi duerch e chicken Design net ausgeglach ginn. Sechs Méint oder ee Joer an engem Kandsliewe kënnen onendlech virkommen.
De proposéierte Projet ass an onsen An eng Verschwendung vun ëffentleche Gelder. Net, well mir der Meenung wieren, dass kéng Spillplaze gebraucht ginn. Ganz am Géigendeel. Mir denken, dass all Kand aus der Stad soll en einfachen Accès op dezentrale Spillraum kréien. D’Stad huet scho vill thematesch Spillplazen, déi wierklech héichwäerteg sinn. De Märeler Park, inklusiv Pavillon mat Iessen a Gedrénks, ass eenzegaarteg, well e Jonk wéi Al unzitt. En ass ee vun de Liblingstreffpunkte fir vill Familljen.
Firwat sollt dëst zerstéiert ginn, fir rëm nei opgebaut ze ginn?
D’Kanner brauche kéng hyper-sophistiquéiert Spillplaz. Raum fir sech ze beweegen an z’interagéiere fannen si ëmmer ganz spontan. Kanner brauche sécher Vëlos-Pisten a Schoulweeër. Kanner brauchen abordable Wunnraum, deen hiren Elteren et erméiglecht, Zäit fir si ze hunn, anstatt vollzäit mussen ze schaffen. Kanner brauchen uerdentlech Schoulgebaier, déi am Wanter waarm an am Summer kill sinn, déi Raum bidde fir innovativ an differenzéiert Pedagogik. A virun allem brauchen d’Kanner d’Opmierksamkeet vun deene Groussen, déi si ëm hier Meenung an Erwaardunge froen, an si an sou wichteg Decisioune mat abannen.
Ryan Shepherd Mélanie Troian, Lëtzebuerg