111 Joer Ettelbrécker Lyra
Léif Frënn vun der Lyra,
No 2 Corona Paus wou mir keng Aktivitéit haten an no bal 3 Joer Absence am CAPE si mir frou fir endlech rëm e Concert kënnen hei heem virun eisem Publikum ze sangen.
Well mir wéinst der CoronaPandémie och eisen 110. Anniversaire net konnte feieren, huele mir dat lo no a feieren dëst Joer 111 Joer Lyra.
Den Ettelbrécker Männerchouer Lyra, deen den 18. Januar 1911 gegrënnt ginn ass, huet eng lang Traditioun a kann op eng ganz erfollegräich Veräinsgeschicht zréckkucken.
Sou wéi all Verain huet och d’Lyra Héichten an Déiften erlieft an huet sech am Laf vun de Joren duerch Frëndschaft a Kollégialitéit, duerch Engagement an Idealismus vun all eenzelne Member zu engem unerkannte Männerchouer entwéckelt.
Nei Memberen ginn awer ëmmer gebraucht, an ech machen duerfir vun dëser Plaz aus een Appell un all Männer, déi Freed um Gesank hun : Kommt bei eis a sangt mat eis !
Mat eisen 2 Concerten vum nächste Weekend hu mir d’Méiglechkeet ze weisen, datt de Männerchouer näischt vu sengem Reiz verluer huet, an eng Chouerform duerstellt, déi et verdéngt, ënnerstëtzt ze gin.
D’Lyra bleift hierer Linn trei mat engem Programm deen och dëst Joer rëm mat Sécherheet eisem Publikum wäert gefalen, mat Lidder déi un d’Jugenzäit errënneren, mat villen flotten Evergreens a bekannte Schlagermelodien, déi dozou verleeden fir matzesangen.
Eisen Dirigent Marion Michels huet och dëst Joer rëm een ofwiesslungsräiche Programm zesummegestalt, dee sou munches zebidden huet a wou sécherlech fir all Goût dat richteg derbäi ass.
Kommt bei eis, loost al Erënnerungen opliewen a verbréngt mat eis een onbeschwéierten Owend.
Ech wëll vun dëser Plaz aus all deene Leit Merci soen, déi d’Ettelbrécker Lyra Joer fir Joer an iergend enger Form ënnerstëtzen. Sief dat duerch eng Annonce, een Don oder hir Präsenz op eise
Concerten. Ouni dës finanziell a moralesch Hëllef ass d’Iwwerliewen vun engem kulturellen Veräin hautdësdag nët méi méiglech.
Léif Frënn vun der Lyra, mir freeën eis drop, fir Iech de 29. Oktober um 20.00 Auer an den 30. Oktober um 17.00 Auer am Centre des Arts Pluriels Edouard Juncker kënnen ze begréissen a mir wäerten eist Bescht machen fir Iech ee flotte Concert ze présentéieren.
André NICOLAY President
Comité d'honneur Peters Roby, Ettelbruck Warling Anne, Ettelbruck
Comité de Patronage Beckerich Nico, Warken Brasserie-Restaurant Galileo,
Ettelbruck
Schiltz Pierre, Ettelbruck
Comité Protecteur
Boever Marc, Président USPX,
Eselborn
Etgen Fernand, Feulen
Feypel Alain, Warken
Gehlen Jean, Ettelbruck Halsdorf Claude, Warken
Lion Claude, Bettendorf
Lion Paul, Mertzig
Mayer M.-Suzette Vice-Prés.
USPX, Koetschette
Mohnen Fritz, Warken
Nicolay Pascal, Ettelbruck Recken-Riewer Daniel, Ettelbruck
Reuter-Schmit Jean-Louis et
Mireille, Warken Riewer-Altmeyer Christine,
Warken
Riewer-Metz Alfred, Ettelbruck Seyler-Merres Liliane, Erpeldange /Ett.
Steffen Christian, Warken
Firme Protectrice
Agence Immobilière Paul
Reinig, Ettelbruck
Goblet Lavandier & Associés,
Niederanven
Maison Putz, Schieren Optique Hoss, Ettelbruck