Vorträge über den heiligen Willibrord
Luxemburg. Der deutsche Kirchengeschichtler Dr. Rainer Neu, ehemaliger Professor für Kirchengeschichte und Religionswissenschaft an der Universität Duisburg-Essen, präsentiert im November bei vier Vorträgen im Großherzogtum seine neuesten Forschungsergebnisse über den Luxemburger Nationalheiligen Willibrord. In seinem neuen Buch „Willibrord und die Christianisierung Europas im Frühmittelalter“geht Neu der Frage nach, was wir über den Heiligen wissen, welche religiösen Wurzeln ihn prägten und welche Motive ihn zum Missionar machten. Die Vorträge finden an folgenden Tagen statt: Dienstag, 8. November, 19 Uhr, Trifolion, (2, Porte Saint Willibrord, Echternach. Der Eintritt ist frei, im Vorfeld muss aber ein Ticket unter www.luxembourg-ticket.lu gebucht werden); Mittwoch, 9. November, 11.15 Uhr (Centre Prince Henri, 3, route de Diekirch, Walferdingen, Association Pour l’Education Permanente, Eintritt 3 Euro); Mittwoch, 9. November, 19 Uhr (Église St.-Luc, rue de Bettembourg, Fentingen, Geschichtsfrenn vun der Gemeng Hesper); Freitag, 11. November, 19.30 Uhr (Home St. Willibrord, Bëschgässel, Monnerich, Chorale Ste Cécile Mondercange). In Fentingen und in Monnerich wird am Ende ein Beitrag erbeten. C.
Evangelium vum 31. Sonndeg am Joreskrees (Joer C / Lk 19,1-10)
De Jesus ass zu Jericho ukomm an ass duerch d’Stad gaang. Do gouf et e Mann, deen Zachäus geheescht huet; hie war den ieweschte Steierandreiwer, an hie war räich. Hien huet probéiert, de Jesus ze gesinn, a wollt kucken, wien dat wär, ma well esou vill Leit do waren, ass et him net gegléckt – hie war nämlech kleng. Dunn ass hie virgelaf an op e Molbierfigebam geklomm, fir de Jesus ze gesinn, well deen do laanscht komme sollt. Wéi de Jesus op déi Plaz komm ass, huet hien eropgekuckt a sot zu him: „Zachäus, klamm séier erof! Haut muss ech bei dech heemkommen.“Den Zachäus ass séier erofgeklomm an huet de Jesus voll Freed bei sech opgeholl. Dunn hunn all déi, déi dat gesinn hunn, gegrommelt a soten: „Bei engem Sënner ass hien agekéiert!“Den Zachäus awer ass dohigetratt a sot zum Här: „Kuck, Här, d’Halschecht vu mengem Verméige ginn ech deenen Aarmen, a wann ech eppes vun engem erpresst hunn, da ginn ech him et véierfach erëm.“De Jesus sot zu him: „Haut ass fir dëst Haus d’Rettung komm – och hien hei ass jo e Jong vum Abraham. De Mënschejong ass nämlech komm, fir ze sichen an ze retten, wat verluer war.“
Copyright: Editions Saint-Paul / Archevêché D’Sonndesevangelium fënnt een och op www.cathol.lu