Natur a Literatur: Nei Erzielunge fir nei Welten
Virtrag op der Erëffnungsfeier vun de Walfer Bicherdeeg 2022, déi ënnert dem Theema „Des nouvelles pousses aux racines profondes“stoungen
D’Walfer Bicherdeeg stinn dëst Joer ganz ënnert dem Zeeche vum Bam an tatsächlech sti sech Buch a Bam ganz no. Et fänkt leider domat un, datt e Bam muss ëmgehae ginn, fir datt e Buch entsteet. Mee och an de literareschen Texter spille Beem eng wichteg Roll: Meeschtens si si den Dekor – den däischtere Bësch, zum Beispill – oder déi Plazen, wou ee sech – oft heemlech – begéint. D’Beem triede esouguer selwer als Figuren op, als e festen Deel vun der Erzielung oder andeems hir eege Geschichten als richteg Bambiografien erzielt ginn. Si faszinéieren, well si engersäits grondsätzlech aner Liewewiese sinn, déi an engem ganz anere Raum- an Zäitverhältnis ewéi mir Mënsche stinn. Anerersäits identifizéiere mir eis gäre mat hinnen, ewéi et d’Motto vun dëse Bicherdeeg weist. De Problem ass natierlech deen: Jee méi mir de Beem eng Sensibilitéit oder esouguer eng Perséinlechkeet zouspriechen, desto méi schwéier gëtt et, se weiderhin onproblematesch als Ressourcen ze gebrauchen.
Meng Aféierung wëll awer net nëmmen iwwer de Bam sinn, mee méi generell d’Relatioun tëschent Natur a Literatur diskutéieren. Dobäi ass et net déi éischte Kéier, datt dëst e wichtegt Theema op de Bicherdeeg ass: Déi 15. Ausgab vun der Anthologie hat 2009 den Titel Gréng getëppelt, blo gesträift, an huet original Texter iwwer Natur presentéiert. D’Naturbeschreiwungen hunn eng laang literaresch Traditioun, déi an deene leschte Joerzéngten, an deenen d’Naturzerstéierung an hir Auswierkungen ëmmer méi visibel gi sinn, eng ganz nei
D’Ëmweltkris ass net nëmmen en natur-wëssenschaftlechen an e politesche Problem, mee si huet och eng kulturell Dimensioun.
Bedeitung krut. Déi Zäiten, an deenen een naiv iwwer Beem a Villercher schreiwe konnt, sinn eriwwer: D’Natur ass och an der Literatur eppes Politesches ginn!
Wat bedeit also d’Natur fir d’Literatur? An ëmgedréint: Wat kann d’Literatur fir d’Natur, besonnesch an Zäite vu Klimawandel? Ech fänke mat engem Zitat, aus dem Engleschen iwwersat, un. Et ass aus The Environmental Imagination. Thoreau, Nature Writing and the Formation of American Culture, 1995 vum Lawrence Buell, Professer fir Amerikanesch Literatur zu Harvard, geschriwwen: „D’Ëmweltkris ass zum Deel och eng Kris vun der Imaginatioun. Aus dëser Situatioun komme mer just, wa mer besser Weeër fannen, eis d’Natur, an eis eis Bezéiung zur Natur virzestellen.“Dem Buell no berout d’Ëmweltkris also net nëmmen op der materieller Zerstéierung vun der Natur, mee och op eppes, dat méi schwéier ze gräifen ass, nämlech op eiser Virstellungskraaft, also eiser Capacitéit – oder Incapacitéit eben –, eis eng aner Relatioun zur Natur virzestellen, ewéi déi vun enger externer Natur, zu där mir Mënschen net gehéieren, an déi mir dofir kënnen op eng egozentresch Manéier ausnotzen. Dem Buell seng Iddi lancéiert den Interessi, sech op en Neits mat der literarescher Duerstellung vun der Natur ze beschäftegen. Éischtens ass d’Literatur de Späicher vun der mënschlecher Virstellungskraaft: Wéi d’Natur duergestallt gëtt, seet eppes aus, iwwer déi Aart a Weis, wéi verschidde Kulturen hir Relatioun zur Natur gesinn. Zweetens ass d’Literatur awer och de Raum, an deem dës Naturvirstellungen nei erfonnt kënne ginn: Literatur spigelt net nëmmen Normen, Wäerter a Mentalitéiten erëm, mee si ka se kreativ verschaffen, kritiséieren, ëmdréinen, an esou nei Méiglechkeete schafen. Esou gesinn ass d’Ëmweltkris net nëmmen en naturwëssenschaftlechen an e politesche Problem, mee si huet och eng kulturell Dimensioun. Wéi soll ee soss erklären, datt d’wëssenschaftlech Fakte scho Joerzéngte laang onmëssverständlech sinn, an datt sech d’Auswierkunge vum Klimawandel an dem Biodiversitéitsverloscht ëmmer méi bemierkbar maachen, an datt et awer esou schwéier ass, eis Virstellungen a Gewunnechten ze änneren?
„Des nouvelles pousses aux racines profondes / Vom Wachsen und Wurzelnschlagen“ass d’Motto vun dëse Bicherdeeg. De Bléck geet hei esouwuel no ënnen (an d’Wuerzelen) ewéi no uewen (op d’Wuessen); de Bléck geet esouwuel no hannen (an d’Vergaangenheet) ewéi no vir (an d’Zukunft). Kuckt een an d’Literaturgeschicht, fält tatsächlech op, datt een net op d’Ëmweltkris muss waarden, fir datt d’Natur e wichtegt literarescht Theema gëtt. Am Géigendeel: Vun Ufank un huet d’Mënschheet sech Geschichten erzielt, fir Sënn an hirer Relatioun mat der Ëmwelt ze gesinn. An der westlecher Kultur beobacht een, datt de Mënsch sech a senge literareschen Duerstellunge ganz fréi eng extra Plaz zouschreift an datt d’Natur als e Géigespiller optrëtt: Esou laang se net gezäämt gëtt, ass se eppes Geféierleches, ewéi de Bësch an de Wollef an de Märercher. Fir d’Dichter.innen ass déi Oppositioun tëschent Natur a Kultur awer och interessant, well si sech mat der Natur identifizéieren, op der Sich no engem Refuge virun enger ënnerdréckender Zivilisatioun. Besonnesch säit der Romantik gëtt d’Dichtung als eng Méiglechkeet gesinn, fir an direkt Kommunikatioun mat der Natur ze trieden. Dobäi ass d’Literatur awer net inkompatibel mam naturwëssenschaftleche Schreiwen. De Genre vum Nature Writing, mat virop Auteuren ewéi den Henry David Thoreau an den John Muir, oder e bësse méi spéit der schottescher Schrëftstellerin Nan Shepherd, zeechent sech doduerch aus, datt objektiv an dokumentéiert Naturbeschreiwunge mat der subjektiver a sensibeler Perceptioun vun der Ëmwelt verbonne ginn.
Och an der Lëtzebuerger Literatur huet d’Naturduerstellung eng Traditioun. Am 19. Joerhonnert, an de Gebuertsjoerzéngte vun der Lëtzebuerger Literatur, gëtt d’Ëmwelt an eng authentesch Lëtzebuerger Landschaft literaresch héichstiliséiert. D’Duerstellung vun der Natur dréit also ëmmer kulturell Bedeitunge mat sech, hei d’Identifikatiounssich vun enger jonker Natioun. Grad dës Traditioune sinn hautzedaags eng Erausfuerderung fir déi Schrëftsteller.innen, déi fir ekologesch Froe sensibiliséiert sinn: Wéi kann een nei Weeër fannen, fir iwwer Natur ze schreiwen? Virun allem wann déi Natur, déi soss fir Liewen a Schéinheet stoung, elo mat Zerstéierung an Zukunftsangscht verbonne gëtt. Ech ginn e Beispill. An der Erzielung „Eng Stëmm an der Stëllt“vum Yorick Schmit spillt d’Beschreiwung vun der Minettslandschaft eng wichteg Roll. Mee de Schäin ass ierféierend: D’Stëllt, déi iwwer dem Minett läit, ass d’Resultat vun enger Evakuéierung no engem Accident zu Cattenom. D’Natur gesäit befreit vum Mënsch aus, mee si ass massiv radioaktiv verseucht. D’Heemechtslandschafte sinn onheemlech ginn. Al Ängschte kommen also an neie Kontexter erëm op: Déi zerstéiert Natur ass erëm eppes Geféierleches ginn.
Tatsächlech erméiglecht d’Literatur ëmmer nees eng Ausernanersetzung mat alen ewéi och mat neie Preoccupatiounen. Ganz besonnesch gëllt dat fir verschidde literaresch Gattungen, ewéi der Science oder Speculative Fiction, déi onendlech vill postapokalyptesch Welten imaginéiert hunn, no technologeschen oder natierleche globale Katastrophen. Mee och hei ginn et optimistesch Entwërf, ewéi de Solarpunk, deen eng Zukunft virstellt, an där d’Mënschheet et gepackt huet, ganz op erneierbar Energien ëmzesteigen. Zu Lëtzebuerg widmet sech déi nei online Plattform Anerwelten.lu dësen neie literaresche Formen an erfuerscht parallel nei Manéieren, Literatur ze produzéieren an ze konsuméieren. Literatur ass hei e „Laboratoire de construction des mondes à venir“, schreift den Historiker François Cusset.
Grad den aktuellen ekologesche Kontext mécht, datt d’Literatur sech erëm méi fir d’Natur interesséiert an datt d’Naturduerstellung, déi laang esouguer e bësse suspekt war, erëm positiv erschéngt. Dréckt de Pierre Joris nach duerch säi bekannte Saz „Routes not roots“seng Preferenz fir Reesen a Beweegung – an net fir Wuerzele schloen – aus, esou imaginéiert den italieneschen Dichter Tiziano Fratus en „Homo Radix“, e „Wuerzelmënsch“, dee mat senger direkter Ëmwelt verbonnen an doduerch och global vernetzt ass.
Literatur ass dobäi net nëmmen Duerstellung, Virstellung a Fiktioun. Duerch d’Schreiwen an d’Liese kann ee sech a senger natierlecher a gesellschaftlecher Ëmwelt verankeren. Als Beispill wëll ech dem Davide Sapienza an dem Robert Weis hiert Buch Rock-Lines. A Geopoetic Journey Across the Minett UNESCO Biosphere nennen: Trëppelen, Schreiwen a Liese si keng separat Aktivitéiten: Landschaft schreift Wierder a Wierder schreiwe Landschaft. Dat selwecht gëllt fir de Sentier des poètes am Fondde-Gras oder den Ettelbrécker Literaturwee, deen am Fréijoer ageweit gëtt: Hei entdecke Wander.innen a Lieser.innen zugläich Landschaften an Texter. An deem Sënn halen ech mat engem leschten Zitat op, vun der franséischer ekofeministescher Philosophin Emilie Hache an hirer Aféierung zum Buch De l’univers clos au monde infini vun 2014. Déi Geschichten, déi mir erzielen, si wichteg, well se d’Grondlag sinn vun enger neier Ästheetik, „au sens d’un renouvellement de nos modes de perception, de notre sensibilité, pour pouvoir répondre à ce qui est en train de nous arriver.“An enger Welt, an där mir ëmmer méi Informatiounen ëmmer méi schnell verschaffe mussen, erlabt d’Literatur eis, eis Zäit ze huelen. An e Buch andauchen oder virun engem Bam kontemplativ stoe bleiwen: Wat soss als passiv an eskapistesch Aktivitéiten – oder eben In-Aktivitéiten – ugesi war, kritt elo eng ganz nei Bedeitung. D’Ëmweltkris als eng Kris vun der Imaginatioun, vun der Sensibilitéit a vun der Opmierksamkeet: Dofir ginn et weder technesch nach ekonomesch Léisungen, mee d’Literatur huet hei villäicht eng wichteg Roll ze spillen…
* Den Dr. Sébastian Thiltges ass Literatur- a Kulturwëssenschaftler am Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der Universitéit Lëtzebuerg.
Trëppelen, Schreiwen a Liese si keng separat Aktivitéiten: Landschaft schreift Wierder a Wierder schreiwe Landschaft.