Wéi eis Steiersuen zur Fënster erausgehäit ginn
Iwwert den onsënnege Projet „Renaturéierung“vun der Syr an der Cité „An der Schmëtt“
Well d’Cité Syrdall bei Wecker elo nei gebaut gëtt, muss kompenséiert ginn. Sou wëll et anscheinend d‘Naturschutzgesetz. Do stellt sech d’Fro wuerfir, well virdru stounge jo schon Haiser do, och wann dat Ganzt elo e bësse méi grouss gëtt wéi virdrun.
Also muss kompenséiert ginn. Wéi kompenséiert ee Plazen, déi nei versigelt ginn? Äntwert: Doduerch, datt een aner Plazen „entsigelt“. Geet awer meeschtens net, sou och an der Cité „An der Schmëtt“.
Wat mécht een dann? Et schafft een en onsënnege Projet „Renaturéierung“vun der Syr aus, déi hei duerch d’Cité leeft. Haaptsaach et geschitt eppes an et ass richteg deier, soss ass et och näischt.
En historescht Wier, wat zur Energieversuergung vun der fréierer Schmelz (1755-1858) an der Pabeierfabréck Lamort (1842-1918) bäigedroen huet, gëtt ewechgerappt. An da gëtt de Laf vun der Syr, deen ekologesch intakt war, fir d’éischt mam Bagger massakréiert an da mat honnerten Tonne schwéiere Steng, déi alleguer eenzel placéiert ginn, rëm ausgekleet. D’Bett vun der Syr ass elo op där Plaz esou grouss, datt an normalen Zäiten d’Musel kënnt derduerch gekéiert ginn. De Summer gesäit een d’Waasser kaum nach, wat do tëschent deene Steequaderen erduerchleeft.
Wann et en uerdentlecht Héichwaasser gëtt, da weess nach keen, wat mat deenen sou schéin amenagéierte Steng geschitt. Hoffe mer, datt se net plënneren a méi wäit ënnen, wou d’Bett vun der Syr rëm méi schmuel gëtt, e Barrage fabrizéieren an domat eng Iwwerschwemmung vun der Cité provozéieren. An Zäite vun ëmmer méi extremen Nidderschléi net onméiglech. Dee ganze Spaass soll de Steierbezueler ëm déi
De Projet „Renaturéierung“vun der Syr.
zwou Milliounen Euro kaschten. Vu Re-Naturéierung ka keng Rieds goen, well sou huet de Laf vun der Syr ni ausgesinn. Doriwwer eraus ass déi natierlech Vegetatioun massiv geschiedegt ginn. Hätt eng Privatpersoun esou eppes verbrach, da wär se viru Geriicht geschleeft ginn.
Wien huet dee Blödsinn an déi Geldverschwendung do ze veräntweren? De Ministère? D’Naturschutzverwaltung? D’Waasserwirtschaftsamt? Kann et da sinn, datt ëffentlech Gelder esou zur Fënster eraus gehäit ginn, ouni datt déi Verantwortlech zur Rechenschaft gezu ginn? Wou bleift d‘Buedemstännegkeet, déi fréier sou Exzesser onméiglech gemaach huet?
A wou ass d’Responsabilitéit vun den zoustännege Regierungsmemberen, déi a leschter Instanz fir dësen Unfug verantwortlech sinn? Net vun näischt froen d’Leit am Land sech, ob am Ëmweltberäich d’Verwaltungen sech selbstänneg gemaach hunn an d’Ministeren se einfach gewäerde loossen. Oder fannen déi politesch Responsabel et gutt, wa mat sou onsënnege Projete muttwëlles vill Geld drop gemaach gëtt? Roby Mehlen,
Manternach