Firwat déi Altersdiskriminatioun?
Nach ëmmer kee Camionsführerschäi fir ons Pensionnairen
Op Grond vu mengem „Oppene Bréif un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten“(betr. d'Net-Verlängerung vum Camionsführerschäin), deen am „Luxemburger Wort“vum 24. Juli 2021 verëffentlecht gouf, souwéi engem Bréif un den Här Minister perséinlech, ass zimmlech séier am Här Bausch sengem Ministere reagéiert ginn. Ee „projet de réglement grand-ducal“ass ausgeschafft gi fir den Artikel 87 vum Code de la Route sou ëmzeänneren, soudass de Camionsführerschäi CE och nom Alter vu 75 Joer ka verlängert ginn, an dat vu Joer zu Joer, eng Initiative déi net nëmmen ons, mee sämtlech betraffene Persounen Hoffnung a Virfreed vermëttelt huet. Mir sinn dunn dovun ausgaangen, dass mer bis Enn der Saison 2022 rëm dierfte mat onsem Camper Vakanz maachen, dat nodeems ons dat vum Juni 2021 u verbuede gouf, well ech wéinst mengem 75. Gebuertsdag mäi Fürerschäi vun der Kategorie CE net verlängert krut.
Den 1. Abrëll vun dësem Joer gouf dëse Projet un den Här Präsident vum Staatsrot adresséiert. Dat ass lo aacht Méint hir a mir froen ons wou den Dossier drun ass a firwat déi zoustänneg Instanzen dat schleefe loossen, wou dach vill eeler Persoune betraff sinn an net méi éiweg Zäit hu fir hirem Hobby nozegoen.
Mir ass mat mengem Führerschäi meng Fräiheet geklaut ginn, meng Liewensfreed a meng Eegebestëmmung, an dat obwuel meng Doktere mir bescheinegen, dass ech toppfit sinn.
Zanter annerhallwem Joer steet onse Camper am Schapp a mir kënnen onser Leidenschaft net méi nogoen, enger immenser Freed, déi ons wéinst onsem Alter verwiert, resp. verbuede gëtt. Dat sinn 18 Méint an zwee Summervakanzen, déi mir net sou konnten erliewe wéi mir ons dat virgestallt haten.
Grad no der Pensioun ass et wichteg Pläng an Dreem ze hunn, gëtt ons ëmmer gesot, abee dat allgemeng bekannten Endlosschleefe vun onsen Autoritéiten hu mir meng Plang an Dreem futti gemaach. Lo hoffe mir op d'Saison 2023, wëssen awer net wéi realistesch dës Hoffnung ass, an dobäi géife mir sou gäre mol rëm eng Rees plangen.
Mir wëllen ons Pensioun sou liewen an erliewe wéi mir se jorelaang geplangt hunn. Jean-Paul Paulus,
Sandweiler