Wat geschitt mam Beruff vum Aide-Soignant?
D’Aarbecht vum Aide-Soignant gëtt oft iwwersinn. Mir sinn awer e wichtegt Puzzle-Stéck am ganze System
An der Pandemie hu mir vill wäertvoll Aarbecht geleescht. Mir hunn zesumme mat den Infirmieren an den Aide-Socio-Familialen eis Bewunner a Patiente mat vill Engagement a Kompetenz versuergt a gefleegt.
D’Aarbecht vum Aide-Soignant gëtt oft iwwersinn. Mir sinn awer e wichtegt Puzzle-Stéck am ganze System. Mir hunn eng gutt Ausbildung mat Attributiounen, déi mir am Alldag net ëmmer sou kënnen ausféiere wéi mir se geléiert hunn, well se net kloer definéiert sinn.
An eisen Ae wier et wichteg, dës Attributiounen ze iwwerschaffen an eis déi medezinesch Handgrëffer ausféieren ze loossen, déi mir an der Ausbildung léieren. Wann dat de Fall wier, kéinte mir eis Kolleegen, d’Infirmieren, schonn zu engem Deel entlaaschten.
An den Klinicke gi scho bal keng AideSoignante méi agestallt, well d’Infirmière d’Responsabilitéit fir eis medezinesch Handgrëffer muss iwwerhuelen, an da mécht si et besser direkt selwer. Genau hei kéint een awer un der Schrauf dréinen an eis e bësse méi Eegeverantwortung ginn, déi mir duerchaus amstand sinn ze droen.
Am Joer 2002 wor eng Revalorisatioun vun eiser Ausbildung. Déi sollt jonk Leit motivéieren dëse Beruff ze ergräifen. Dat ass och zum Deel geschitt, awer no dräi Joer hunn dës Schüler gemierkt, dass si um Schluss ware mat hirer Beruffsausbildung, well een uschléissend keng Weiderbildung méi ka maachen, ausser et geet een erëm zréck an d’Schoul.
Lo am Joer 2022 gëtt erëm vun enger Ännerung am Gesondheetsberäich geschwat. Eng Reorganisatioun vun den Ausbildunge fir Gesondheetsberuffer gëtt ugestrieft a wann een do um Organigramm vum Internetsite (Ministère de l’éducation nationale) kuckt, do steet keen Aide-Soignant méi drop! Wéi ass dat méiglech? Verschwanne mir elo definitiv? Soll eis Ausbildung ersat ginn? Gëtt de Beruff vum Aide-Soignant ofgeschaaft? Wien iwwerhëlt eis Aarbecht um Terrain?
Dat si Froen, déi mir Aide-Soignanten eis elo stellen. Ass eise Beruff näischt méi wäert? Dëst léist Veronsécherung aus a motivéiert sécher keng jonk Leit, sech nach fir dëse Beruff ze entscheeden.
Eise Gesondheetsberäich brauch awer all Mataarbechter; an allen Institutiounen, sief et an den Alters- a Fleegeheemer sou wéi an de Klinicken, feelt et massiv u Personal, sou datt den Aarbechtsopwand fir déi bestoend Equippen enorm ass. Mir sinn der Meenung, datt dëst net de richtege Wee ass.
Mir si ganz averstanen, datt de System am Gesondheetsberäich muss iwwerduecht ginn, mee w.e.g. vergiesst eis Aide-Soignanten dobäi net. Net schonn erëm!
Mir sinn es midd, ëmmer déi lescht an der Rei vun de Gesondheetsberuffer ze sinn an déi dann och nach net betruecht, mee vergiess gi wann eng Revalorisatioun kënnt.
Eis Aarbecht soll respektéiert ginn an déi Unerkennung kréien, déi dëse Beruff verdéngt, esou datt mir och sécher an zouversiichtlech an d’Zukunft kënne kucken.
Danielle Koob, Presidentin, fir d’Association luxembourgeoise
des aides-soignant(e)s