Luxemburger Wort

Vatikan wurde Opfer von Hackern – Websites wieder online

-

Vatikansta­dt. Der Ausfall aller Vatikan-Internetse­iten war wohl doch durch einen Hacker-Angriff verursacht. Zunächst hatte Vatikanspr­echer Matteo Bruni den Ausfall mit Wartungsar­beiten erklärt. Später war von „anomalen Zugriffsve­rsuchen auf die Website“und „technische­n Überprüfun­gen“die Rede. Auch gestern Morgen waren Unterseite­n des Portals vatican.va weiterhin nicht erreichbar. KNA

„Denkt ëm, well d’Himmelräic­h ass um Kommen!“Et war nämlech hien, dee vum Prophéit Isaias ugekënnegt gi war, wéi dëse gesot hat: Eng Stëmm rifft an der Wüüst: Maacht dem Här säi Wee prett, maacht seng Pied grued! De Johannes hat e Kleed aus Kaméilspel­z un an e lieder Rimm ëm d’Hëffen, an hien huet vun Heesprénge­r a vu wëllem Hunneg gelieft. D’Awunner vu Jerusalem an d’Leit aus ganz Judäa an aus der ganzer Ëmgéigend vum Jordan si bei hie gaang, hunn sech vun him am Jordan deefe gelooss an hunn dobäi hir Sënnen agestan. Wéi de Johannes gesinn huet, datt vill Pharisäer a Sadduzäer komm sinn, fir vun him gedeeft ze ginn, sot hien zu hinnen: „Dir Schlaangeb­rutt! Wien huet iech gleewe gedoen, dir kéint deem Geroos, dat kënnt, entgoen? Drot Friichten, déi äert Ëmdenke weisen! Mengt net, dir kéint iech soen: ,Eise Papp ass den Abraham!’ Well ech soen iech: Den Herrgott kann dem Abraham aus dëse Steng Kanner maachen! Elo schonn ass d’Aaxt un de Beem hir Wuerzel ugeluecht, an all Bam, dee keng gutt Friichten dréit, gëtt ëmgeha an an d’Feier gehäit. Ech deefen iech mat Waasser, fir datt dir ëmdenkt. Ma et gëtt een, deen no mir kënnt, an dee méi staark ass wéi ech; ech sinn et net wäert, him seng Sandalen ze droen. Hien deeft iech mat hellegem Geescht a mat Feier. Elo schonn huet hien d’Schëpp an der Hand, mat där mécht hien säin Denn propper a sammelt säi Weess an der Scheier. D’Kuef awer verbrennt hien an engem Feier, dat ni ausgeet.“

Copyright: Editions Saint-Paul / Archevêché D’Sonndeseva­ngelium fënnt een och op www.cathol.lu

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg