Contournement Dippech-Gare – eng gutt Saach
Et ass kenger Partei hire Merite dass elo endlech dës Emgeihung gebaut gëtt. Leider zéien nei Stroosse och zousätzleche Verkéier un
Dëse Contournement ass de Resultat vun der Mise en double voie vun der Zuchstreck Lëtzebuerg-Péiteng. D'Ofschafe vun der Barrière Dippech-Gare war de Grond firwat d'CFL mat Ponts & Chaussées de Contournement Dippech-Gare ausgeschafft huet. 2005 hat d'CFL scho mat Aarbechte betreffend mise en double voix ugefaangen. Dëse Projet gouf schonn 2005 zu Betteng presentéiert. Deemools war Dippech nach eng Majorzgemeng!
„CFL 7 décembre 2012: PN5 sur la RN13 à Dippach-Gare. Remplacement du passage à niveau par un passage inférieur, situé côté Luxembourg avec création d’un contournement de la localité de Dippach-Gare. L’ouvrage d’art est terminé, mais la voirie reste à construire. La construction de cette voirie est encore tributaire de l’acquisition de quelques parcelles appartenant à des particuliers.“
Et ass kenger Partei hire Merite dass dann elo endlech dës Emgeihung gebaut gëtt. D'Majoritéit an d'CSV hunn ëmmer zesummen dofir gesuergt dass dëse Projet schnellstméiglech sollt realiséiert ginn. An déi Initiative, déi mengt si hätt eppes bewierkt gouf et jo guer net, si ass eréischt 2017 gegrënnt ginn! „Es gibt Hähne die glauben, die Sonne sei aufgegangen weil sie gekräht haben“(Robert Lembke).
Leider huet ee Proprietär sech geweigert säin Terrain ze verkafen, wat de Projet ëm Joren no hanne verréckelt huet. D'Ëmwelt-Autorisatioun ass am Mäerz 2018 ausgelaf, an d'Ponts & Chaussées huet verschlof fir d'Erneierung, wéi an de vergaangene Jore mat Zäit nei unzefroen. Doduerch sinn erëm weider fir dräi Joer verluere gaangen an nei Etuden erfuerderlech ginn, bedéngt duerch nei Ëmweltgesetzer.
Dass elo endlech gebaut gëtt ass eng gutt Saach, besonnesch fir Liewensqualitéit vun den Awunner vun Dippech-Gare a Betteng. Och déi Automobilisten, déi nëmmen op dëser Streck Gemeng Dippech duerchfueren, wäerten Zäit gewannen.
Mee leider zéien nei Stroosse wou de Verkéier besser leeft och zousätzleche Verkéier un. Wat mat sech brénge wäert, dass aner Awunner vun der Gemeng Dippech do drënner leide wäerten, Dippech a Schuller. D'Autoe komme jo da méi séier op de Rond-point vun der N5 wou een elo scho moies an der Rushhour oft 20 Minutte fir déi 800 m Schullerbierg brauch!
Et ass verpasst ginn eng Ënnerféierung beim Rond-point ze realiséieren, fir den
Nord/Süd-Verkéier erauszehuelen, wat Haaptachs Péiteng Lëtzebuerg méi fléissend gemaach hätt. Ons Gemeng huet absolut kee Gesamtkonzept wat Liewensqualitéit/Verkéier betrëfft.
Warnung vum Jean-Claude Juncker betreffend de 700 000-Awunnerstaat gëtt iwwertraff! An wann ee bedenkt, dass pro Joer ongeféier 100 00 Leit méi an d'Land wunne kommen, ëmmer méi Frontalieren op Lëtzebuerg schaffe kommen, musse well mir onse Liewensstandard hale wëllen da kann dat net gutt ausgoen. Vill vun deene wäerten Auto fueren.
Den 1 Millioune Staat léist gréissen, 2060? Ass dat ons Zukunft?
Carlo Neu, Schouweiler