„Leichte Sprache“: Theorie a Praxis
De Leitartikel vum 13. Januar brécht eng Lanz fir d'„Leichte Sprache“, zu där sech anscheinend all Parteie bekennen.
Dat ass sécherlech eng gutt Saach an erliichtert ville Bierger d‘Walprogrammer besser ze verstoen. Ausserdeem muss een sou dat onsäglecht Gegenders wechloosse fir verständlech ze sinn. Allerdéngs ass et domat nach laang net gedoen, well op den Inhalt këmmt et un! Wat notzt et engem Mënsch mat spezielle Bedierfnesser, wann en eppes liese kann, dat him awer net weiderhëlleft?
Grad an der Praxis awer schéngt et do ze happeren, well souwuel den Här Schintgen, fréiere Vizepresident vun der Chambre de Commerce, wéi och d‘Madamm Goedert fannen an hire Lieserbréiwer, datt Leit mat engem Handicap net déi néideg Ënnerstëtzung bei de Politiker fannen.
Als löblech Ausnam zitéiert d‘Madame Goedert d‘ADR, an dat zu Recht. Bei dëser Partei handelt et sech nämlech net ëm eng bëlleg Walpropaganda, mee et leit vun Ufank un an hirer DNA sech grad fir déi anzesetzen, déi keng Stëmm hunn.
Wéi e roude Fuedem zitt sech hiert Engagement fir déi Schwaach duerch hire Walprogramm, ugefaange beim ongebuerene Kand, fir deem säi Liewensrecht si sech konsequent an als eenzeg asetzt, iwwer dem klenge Kand seng Bedürfnisser no Gebuergenheet a Bindung, a säi Recht op Mamm a Papp, bis zu de Mënsche mat engem Handicap, deenen si d'Liewe mat alle Mëttelen ze erliichtere versicht, an den alen a kranke Leit, fir déi si sech staark mécht, no der Ausso vum Gustav Heinemann: „Man erkennt den Wert einer Gesellschaft daran, wie sie mit ihren schwächsten ihrer Glieder verfährt!“Marie-Andrée Faber,
Lëtzebuerg
Dëst ass eng Reaktioun op de Lieserbréif „Les oubliés de la politique“vum 11. Februar 2022, a bezitt sech och op de Leitartikel „Schönfärberei braucht niemand im Wahlkampf“vum 13. Februar 2022 an op de Lieserbréif „Parteiprogrammer fir d'Walen“vum 28. Januar 2022.