Respekt amplaz „Racaille“
Intoleranz am Zesummenhang mat Mënschen däerfen sech net zu engem Standard entwéckelen
Den 30. Januar si mir erënnert ginn, dat virun 90 Joer an Däitschland den Hitler ganz „demokratesch“als Kanzler d'Muecht iwwerholl huet, woubäi ech mech, deen ech mech och op Grond vu menger Hierkonft vun der anerer Säit vun der Musel – beréits vu menger Jugend u mat därjéineger mënscheveruechtender Subkultur beschäftegt hunn, di d'Geschicht vun Däitschland wärend enger Dose Jore bestëmmt huet.
Zu enger Zäit, wou sech an eiser Gesellschaft Wäerter wéi Respekt virun anere Mënschen, Déieren an d'Natur aus dem Stëbs maachen, wou d'Diffamatioun gesellschaftsfäeg gitt, wo Toleranz so interpretéiert gëtt, datt déi Meenung vun aneren nëmmen net mat senger eegener Positioun kollidéiere däerf, hunn ech mech erëm un e Term erënnert, dee mir fir d'éischt 2016 bewosst ginn ass.
Et war de fréiere franséische President, den Här Sarkozy, deen net nëmme mech irritéiert huet, well hien dësen Term am Zesummenhang mat Mënsche benotzt huet, woubäi déi Bezeechnung op Grond vun hirer „Qualitéit“sech menger Meenung no perfekt an de Sproochschatz vun den däitschen Nazien hätt integréiere kënnen: „Racaille = Abschaum“.
Hei ze Lëtzebuerg ass den Term elo benotzt ginn am Zesummenhang mat Persounen aus osteuropäesche Länner, meeschtens eeler Persounen an Handicapéierter, déi de ganzen Dag op der Strooss am Dreck hocken, deelweis bei 0°C Temperaturen, fir e puer Euro an de Grapp gedréckt ze kréien.
Reng zoufälleg ass mir dobäi zu Tréier opgefall, datt do offensichtlech e ganze Grupp vun enger Aart „Betreier“begleet gëtt. Déi Persoun huet d'Funktioun, fir permanent ronderëm säin Tour ze maachen, woubäi hie sech neierdéngs mat enger Trottinette equipéiert huet, mat warscheinlech dem Zweck, déi agesammelt Euroe wechzeschleefen, ouni seng Féiss ze vill ze belaaschten.
Déi Presenz vun däraartige Gruppen, korrespondéiert mat deejéinegen Observatiounen, déi en däitschen, net kommerziellen TV-Sender dokumentéiert huet iwwer am Oste vun Europa situéiert lokal Organisatiounen, déi vun do aus gruppeweis Mënschen a West-Europa schécken, mat dem Objektiv, heeschen ze goen.
Déijéineg Persounen, déi kommen, missen dat maachen, fir hir Famillen ze ënnerstëtzen, woubäi Persounen, déi un der Spëtzt vun enger däraarteger Struktur stinn, an hire Länner am Osten am Luxus liewen.
Wenn een also de „Problem“do léise well, dann am Beräich vum soziale System vun de Länner, vu wou déi Gruppen hiren Ursprong hunn.
Ech hoffen, datt sech an engem Land wéi Lëtzebuerg Aussoe wie „Racaille“an Intoleranz am Allgemengen am Zesummenhang mat Mënschen net zu engem Standard entwéckelen an datt deen Term do net benotzt gi wär, wann den Auteur viru senger schrëftlechen Initiativ déi sozial Ursaache kannt hätt.
Will Busch, Stroossen