Wat stécht alles an engem Wuert?
Kläng, Bedeitungen an e sëllegen aner Saachen
Wat stécht an engem Wuert? Dat ass eng Fro, déi ee sech villäicht guer net sou dacks stellt, wann iwwerhaapt. Ech mengen hei net, wat hannert dem Ursprong vun engem Wuert stécht, also ob elo dat lëtzebuergescht Wuert Persoun aus dem Laténgesche persona kënnt (woubäi et ursprénglech aus dem Etruskesche kënnt an eng Theaterfigur bezeechent) oder ob e Wuert wéi downloaden aus dem Engleschen an d’Lëtzebuergescht geléint ginn ass. Wat mam Titel vun dësem Artikel gemengt ass, dat sinn déi klengst Brochdeeler vun der Sprooch, déi am Kär vum Sproochsystem matschwéngen an dëst dacks just ganz ënnerbewosst. Et sinn déi Brochdeeler, déi et erméiglechen, datt Sprooch och da verstane gëtt, wann zum Beispill e Wuert benotzt gëtt, dat ee sou nach net héieren huet, dat duerch d’Zomm vu sengen Eenzeldeeler awer ze verstoen ass – op d’mannst esou vill, datt et engem genuch Informatiounen iwwer säin Inhalt liwwert.
D’Wuert am Ufank?
Am Ufank war d’Wuert, sou heescht am Johannes-Evangelium. Ouni lo reliéis ze ginn, ass et awer e gudden Ufank, fir op dat anzegoen, wat an engem Wuert stécht. Sou muncheree weess villäicht, datt dat Aalt Testament am alen Hebräesche geschriwwen ass, dat Neit Testament awer am Algriicheschen. Et ass interessant, datt an dësem biiblesche Bonmot dat algriichescht Logos iwwersat gëtt, dat awer net einfach nëmme Wuert heescht. Et ass éischter eng Kollektioun vu Saachen, ënnert anerem och vu Saachen, déi gesot ginn. Etymologesch gesinn huet dëst Wuert eppes mam Verb lego ze dinn, dat virun allem sammelen oder zesummerafen heescht.
Dëst ass e wonnerschéint Bild fir d’Wuert an doduerch och fir d’Sprooch. E Wuert ass nämlech primär all kognitiv Notioun, also all Bild, Interpretatioun, Emotioun etc., déi eng Persoun wëll ausdrécken, sou datt aner Persounen se verstinn. Hei streiden sech dacks déi wëssenschaftlech Geeschter, mee an der moderner Linguistik gëtt éischter dovunner ausgaang, datt d’Kognitioun der sproochlecher Ausso virausgeet: Virum Wuert kënnt d’Denken!
E Wuert als Zeechen
Obwuel d’Gedankewelt inherent wichteg ass fir eng sproochlech Kommunikatioun, sou ass dach eng absolut direkt Relatioun net onbedéngt do. Sou denkt ee vläicht un e Bam, et huet een d’Bild vun engem Bam am Kapp, villäicht vun enger Bierk oder enger Dänn oder engem Bam mat genee dräi Äscht. All Persoun kreéiert do hiren eegene Prototyp vun engem generelle Bam. Wann een dann iwwer dëse Bam wëll schwätzen, da mécht een dat anescht op Franséisch (arbre) wéi op Englesch (tree), obwuel déi selwecht Iddi kann hannendrustiechen. Et schwätzt een hei vun der Arbitraritéit vum sproochlechen Zeechen. Dëst, also d’sproochlecht Zeechen, ass e Begrëff, dee vum Schwäizer Sproochwëssenschaftler Ferdinand de Saussure gepräägt ginn ass. Hien huet domadder gemengt, datt et ëmmer eng Iddi gëtt, déi ee wëll ausdrécken, an eng Manéier, fir dat ze maachen, woubäi d’Relatioun tëscht deenen zwee arbiträr ass.
Den de Saussure huet dat mat deem vu mir uewen ernimmte Beispill vum Bam gemaach (wann och mam Laténgeschen arbor) an domadder bewisen, datt d’Denken eng Saach ass, d’Schwätzen eng aner. Well Sprooch (am Allgemengen) e System vu sozialer Kommunikatioun ass, heescht dat awer och, datt Leit dës arbiträr Relatiounen tëscht Gedanken an Aussprooch musse léieren, fir sech an enger bestëmmter Sprooch kënnen ze ënnerhalen.
Lauter als Legobausténg
E Wuert muss also iergendwéi erduecht ginn an et muss eng Relatioun mat eppes Geschwatenem gemaach ginn – mee wéi gesäit déi aus? Sprooch gëtt gären als System vu Systemer definéiert. Dat heescht, datt et e Kommunikatiounssystem ass, deen aus villen (méi) klenge Bestanddeeler besteet, déi ëmmer iergendwéi systematesch obgebaut a verdeelt sinn. Fir dat Geschwatent sinn hei primär d’Kläng oder d’Lauter wichteg. Theoreetesch sinn déi meescht Mënsche physiologesch am Stand, all déi Kläng ze produzéieren, déi anerer och kënne produzéieren, an der Praxis gesäit dat awer anescht aus. Dat läit dorunner, datt zwar vill Tounnuancë méiglech sinn, all Spriecher a senger Sproochkommunitéiet awer un eng speziell Manéier gewinnt ass, e Klang ze schwätzen. Dat läit dorunner, datt all Sprooch e bestëmmte System huet, wéi eng Lauter a wéi enge Kontexter benotzt ginn. Dorënner fält zum Beispill, wéi genee en /a/ ausgeschwat gëtt (ob [a:] a Fra oder [ã:] bei Chance), mee och, datt en Ënnerscheed bei de Lauter d’Bedeitung beaflosst.
Ob elo Schal oder kal oder Schall der Schoul, de minimalen Ënnerscheed vun engem Laut mécht net nëmmen den Ënnerscheed, wéi e Wuert kléngt, mee och, wat et heescht. Bei sou einfache Beispiller, wou een ëmmer nëmmen eng Saach muss änneren, fir en anert Wuert ze kréien, schwätzt ee vun enger Minimalkoppel. Linguiste maache sou Tester gären, fir rauszefannen, ob et sech bei engem Klang just ëm eng
phoneetesch liicht ënnerschiddlech Aussprooch handelt oder ob de Laut och d’Bedeitung verännert an doduerch wichteg fir de Sproochsystem ass. Sou Lauter nennt een an der Linguistik Phoneemer an deen Deelberäich vun der Linguistik, dee sech mat hinne beschäftegt, nennt sech Phonologie. Ob ee Laut awer mat engem oder méi Schrëftzeeche geschriwwe gëtt, ass fir d’Sproochwëssenschaft relativ irrelevant, op d’mannst wann et ëm d’Verdeelung vu Lauter am Sproochsystem geet.
Tëscht Klang a Wuert
D’Sprooch wier awer schwéier limitéiert, wann all Wuert nëmmen aus dräi Lauter kéint bestoen an d’Ausdrocksméiglechkeete wieren domadder zimmlech reduzéiert. Vill Sproochen hunn awer Wierder mat méi wéi nëmmen dräi Lauter, sou och d’Lëtzebuergescht. Kuckt ee sech all d’Wierder vun enger Sprooch un, da stellt ee fest, datt Wierder gewëss Sequenze vu Lauter hunn, déi reegelméisseg a verschiddene Kontexter erëmkommen, fir gewëss Wierder ze kreéieren. Déi eng kommen ëmmer da vir, wann dat respektiivt Wuert e Verb ass, anerer wann et e Substantiv oder en Adjektiv ass. Verschidde Wierder si souguer aus ganzen anere Wierder zesummegesat.
Kucke mer eis zum Beispill d’Verb kachen a seng verschidde Formen un, dat heescht: ech kachen, du kachs, de Lex kacht etc. Jee nodeem wéi eng Persoun eng Aktioun mécht, hei d’Kachen, sou gëtt den -en vum Infinitiv kachen ewechgeholl an aner Endunge ginn drugehaang, bei enger 2. Persoun (du) -s, bei der 3. Persoun (Lex) -t, bei der 1. Persoun (ech) awer rëm -en. Obwuel all déi Formen als eenzel Wierder kënne geholl ginn, sou geet dat awer net bei hire Bestanddeeler, obwuel een déi ëmmer rëm erkennt (kennen – ech kennen – du kenns – d’Myriam kennt). Och de Wuertdeel kach, deen d’Basis fir all déi aner Formen ass, kann net aleng stoen, wann e Verb soll ausgedréckt ginn – et geet just dann, wann een d’Referenz ëmbaut an e Substantiv draus mécht (de Kach).
Esou Wuertdeeler, déi méi si wéi just ee Klang, mee aus engem oder méi Kläng kënne bestoen, nennt ee Morpheemer an der Linguistik. Esou Morpheemer sinn Unitéiten an der Sprooch, déi net onbedéngt e Wuert musse sinn an awer eng Bedeitung mat sech droen, déi iwwer de Laut erausgeet: Esou kënnt zum Beispill an der 2. Persoun Singulier prinzipiell ëmmer een -s un d’Enn vum Verb. Wann esou e Wuertdeel net aleng an engem Saz ka stoen, da schwätzt ee vun engem gebonnene Morpheem, also vun engem, dat ëmmer muss un en anere Wuertdeel gebonne ginn. Wann awer e Wuert net méi weider kann ënnerdeelt ginn, wéi zum Beispill d’Wuert Häerz, da schwätzt ee vun engem fräie Morpheem – fräi, well et net muss gebonne ginn (mee et awer kéint sinn).
Soubal wéi, mee net ganz
Wann ee sech déi zwee Wierder roudelzeg a gréngelzeg ukuckt, da kann een e puer Saache festhalen. Béid bezeechnen e Faarfspektrum, deen iergendwéi eng Faarf ass an iergendwéi och net. Wann eppes roudelzeg ass, dann ass et liicht rout, mee net dat, wat ee prototypesch als rout géif bezeechnen.
Dës zwee Wierder gi kreéiert, andeems e Wuert fir eng Faarf geholl gëtt an dann en -elzeg ugehaang gëtt (heiansdo och just -zeg wéi bei gielzeg). Wann een dann am LOD kuckt, da gesäit een, datt Wierder mat -elzeg virun allem bei Faarfbezeechnunge virkommen, mee net exklusiv. Insgesamt ginn heimadder awer Adjektive gemaach. Et schwätzt een an der linguistescher Fachsprooch vun Derivatioun oder Ofleedung, dat heescht, datt e Wuert geholl gëtt, eng Basis, dann eppes anescht ugehaang gëtt, fir en neit Wuert draus ze maachen, dat eng änlech, awer net identesch Bedeitung huet. Dat, wat ugehaangen gëtt (an awer net wierklech e Wuert ass, wat een aleng fënnt) nennt een am Jargon e Suffix – dat bedeit wuertwiertlech dat, wat hannendrugehaang gëtt. Suffixer sinn ëmmer gebonne Morpheemer.
Kee Magnum Opus, mee dach eng Kompositioun
Wierder bestinn awer net nëmmen aus Wuertdeeler, déi nëmmen existéiere kënnen, andeems se op eppes geprafft ginn. Et gëtt och Wierder, déi einfach aus anere Wierder kënnen zesummegesat sinn an zesummen awer méi kënnen aussoe wéi nëmmen d’Zomm vun hire Bestanddeeler. Huele mer zum Beispill d’Wuert Aaschlach. Dëst ka ganz einfach d’Lach um Aasch bezeechnen, also den Anus selwer, mee och metaphoresch op eng Persoun bezu ginn, déi ee speziell negativ konnotéiere wëll. Sou metaphoresch Biller sinn dacks kulturell gebonnen, och wann et Parallelle gëtt tëscht de Spriecherkulturen op der Welt, well Leit dacks an änlech bildhafte Kategorien denken.
Esou aus zwee eenzelne Wierder zesummegesate Wierder nennt een an der Sproochwëssenschaft e Kompositum, an de Fait, datt sou en neit Wuert kreéiert gëtt, eng Kompositioun (de Kompositum ass also d’Resultat vun enger Kompositioun). Heiansdo ginn déi zwee Wierder awer och synonym benotzt. Et ginn an enger Sprooch tendenziell vill sou Komposita, sou datt d’Sproochwëssenschaft se a verschidden Typpen ënnerdeelt, déi och nach emol no semantesche Krittäre kënnen ënnerdeelt ginn.
Déi wichtegst Stied
Fir d’Lëtzebuergescht an iwwerhaapt déi germanesch Sproochen ass et awer sou, datt een Typus ganz speziell relevant ass; et nennt een en Determinativkompositum. Dësen heescht sou, well eng gewëss semantesch Relatioun tëscht deenen zwee Bestanddeeler vun der Kompositioun besteet, andeems dat eent Wuert d’Natur vun deem anere méi genee ausdréckt respektiv determinéiert. Et ass hei wichteg ze soen, datt bei sou Determinativkomposita am Lëtzebuergesche riets ëmmer dat Wuert steet, dat weider spezifizéiert gëtt, a lénks dat, dat déi Spezifikatioun ugëtt.
Kuckt ee sech d’Wuert Haaptstad un, da gesäit een, datt hei en Determinativkompositum virläit. Eng Haaptstad ass nämlech eng speziell Stad, an zwar déi (meeschtens politesch) wichtegst Stad vun engem Land. De Wuertdeel Haapt kennt een am Lëtzebuergeschen haut net méi als eenzelt Wuert, mee et fënnt een et awer nach am Däitschen als das Haupt – gemengt ass de Kapp. D’Wuert huet iwweregens och eppes mam Heeder Zalot ze dinn, änlech wéi dat Englescht head, fir trotzdeem nach eng etymologesch Schlabäizchen eranzepraffen.
* Den Dr. Sam Mersch schafft als Sproochhistoriker am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch.