Luxemburger Wort

„Wie vun deem Waasser drénkt, dat ech him ginn, dee gëtt net méi duuschtere­g“

Die Frohbotsch­aft – 3. Fastensonn­tag – „Oculi“

-

gang zu der Gnade erhalten, in der wir stehen, und rühmen uns der Hoffnung auf die Herrlichke­it Gottes. Die Hoffnung aber lässt nicht zugrunde gehen; denn die Liebe Gottes ist ausgegosse­n in unsere Herzen durch den Heiligen Geist, der uns gegeben ist. Denn Christus ist, als wir noch schwach waren, für die zu dieser Zeit noch Gottlosen gestorben. Dabei wird nur schwerlich jemand für einen Gerechten sterben; vielleicht wird er jedoch für einen guten Menschen sein Leben wagen. Gott aber erweist seine Liebe zu uns darin, dass Christus für uns gestorben ist, als wir noch Sünder waren.

Evangelium vum 3. Faaschteso­nndeg (Joer A / Joh 4,5-42)

De Jesus ass bis bei eng Stad a Samaria komm, déi Sychar heescht an déi no bei deem Stéck läit, dat de Jakob sengem Jong Jouseph ginn hat. Do war de Jakobsbur. Well de Jesus midd war vun der Rees, huet hien sech bei de Bur gesat; et war ëm déi sechst Stonn. Du koum eng Fra aus Samaria, fir Waasser ze schäffen. De Jesus sot zu hir: „Gëff mir ze drénken!“Seng Jünger waren nämlech fort an d’Stad gaang, fir eppes z’iessen ze kafen. Du sot déi samaritesc­h Fra zu him: „Wéi kënnt et, datt s du, e Judd, mech, eng samaritesc­h Fra, fir eppes ze drénke frees?“– D’Judden halen sech nämlech net mat de Samariter op. – De Jesus huet hir geäntwert: „Wann s du dem Herrgott seng Gof kenne géifs a wann s du wéisst, wien et ass, deen zu dir seet: ,Gëff mir ze drénken!‘, da géifs du hie froen, an hie géif dir liewegt Waasser ginn!“D’Fra sot zu him: „Här, du hues näischt fir ze schäffen, an de Pëtz ass déif. Wou hues du dann dat liewegt Waasser hier? Bass du éire méi dichteg wéi eise

Papp, de Jakob, deen äis de Pëtz ginn huet a selwer draus gedronk huet, grad ewéi seng Jongen an all säi Véi?“De Jesus huet hir geäntwert: „Jiddereen, dee vun dësem Waasser drénkt, gëtt nees duuschtere­g. Wien awer vun deem Waasser drénkt, dat ech him ginn, dee gëtt an all Éiwegkeet net méi duuschtere­g, ma dat Waasser, dat ech him ginn, gëtt an him eng Quell mat spruddeleg­em Waasser, dat éiwegt Liewe schenkt.“D’Fra sot zu him: „Här, gëff mir däers Waasser, fir datt ech net méi duuschtere­g ginn an net méi heihinner ze komme brauch, fir Waasser ze schäffen!“Hie sot zu hir: „Géi, ruff däi Mann a komm nees zréck!“D’Fra huet him geäntwert: „Ech hu kee Mann.“De Jesus sot zu hir:„Dat hues du gutt gesot: ,E Mann hunn ech net.‘Fënnef Männer hues du nämlech gehat, an deejéinege­n, deen s du elo hues, ass net däi Mann.Dat, wat s du gesot hues, ass wouer.“D’Fra sot zu him: „Här, ech gesinn, datt s du e Prophéit bass. Eis Pappen hunn op dësem Bierg ugebiet.Dir awer sot, datt Jerusalem déi Plaz ass, wou een ubiede muss.“De Jesus sot zu hir: Gleef mir es, Fra, d’Stonn kënnt, wou dir de

Papp weder op dësem Bierg nach zu Jerusalem ubiet! Dir biet un, wat dir net kennt; mir bieden un, wat mir kennen.D’Rettung kënnt nämlech vun de Judden. Ma et kënnt eng Stonn – an se ass elo schonn do –, wou déijéineg, déi wierklech ubieden, de Papp am Geescht an an der Wourecht ubieden, well där Mënschen, déi hien esou ubieden, sicht de Papp. Den Herrgott ass Geescht, an déijéineg, déi hien ubieden, mussen am Geescht an an der Wourecht ubieden.“Du

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg