Actions sociales fir e gudden Zweck
De Lions Club Luxembourg Europe iwwerreecht 20 000 Euro un véier Associatiounen
Lëtzebuerg. Viru kuerzem huet de Lions Club Luxembourg Europe als Resultat aus hiren actions sociales am Exercice 2021/2022 Schecken am Gesamtwäert vun 20 000 Euro un véier Associatiounen iwwerreecht.
De Past-President Jos Kieffer konnt dem Diane Wolter, Presidentin vun der Fondation CBM Luxembourg 5 000 Euro iwwerreechen. Déi nach jonk Fondatioun CBM ass virun allem a Madagaskar, Angola an am Laos aktiv, an huet sech zum Zil gesat, d’Versuergung vun Aenerkrankunge bei Kanner ze verbesseren, ënnert anerem duerch den Opbau vun Aengesondheetszentren an duerch Fërderung vun der Ausbildung vun Aendokteren op der Platz (www.cbm.lu).
5 000 Euro sinn un d’Organisatioun Theresia’s Orphans and Vulnerable Children Foundation Namibia gaangen, mat där de Lions Club Luxembourg Europe scho laang Joren excellent Relatiounen ennerhällt. Dëse Projet, dee vun engem Lëtzebuerger geleet gëtt, deen an Namibia wunnt a schafft, ënnerstëtzt Kanner déi hir Eltere verluer hunn resp. Elteren hunn, déi sech net em d’Kanner këmmere kennen. Zil besteet doran, de Kanner et ze erméigleche, selbststänneg ze liewen ouni finanziell Ënnerstëtzung aus dem Ausland. (theresiafoundation.org)
5 000 Euro sinn och un den Dr Georges Kratzenberg an seng Associatioun „Un sourire pour l’Equateur asbl“gaangen. Dëse Projet huet zum Zil, de Leit an engem vun deenen äermste Länner vu Südamerika, den Accès zur d’Zännmedezin ze erméiglechen. Et geet hei och dorëm, de Leit di elementar Zännhygiène ze erklären an och Zänndokter auszebilden an hinne Material zur Verfügung ze stellen (asmileforecuador.org).
5 000 Euro ginn am Kader vum Projet Lions Club Luxembourg Academic Refugee Fund fir eng Bourse universitaire complémentaire fir Studenten zur Verfügung gestallt, déi de Status vum réfugié reconnu hunn an op der Uni.lu studéieren. De Projet gëtt an Zesummenaarbecht mat der Universitéit geréiert an et ass och d’Universitéit déi d’Studente selektionéiert an hier Aarbecht iwwerwaacht.