Generalversammlung
Den Daring Club Echternach zitt Bilanz
Iechternach. Am Februar hat den Daring Club Echternach op seng Generalversammlung am Festsall vun der Millermoaler Schull invitéiert. No enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Memberen huet de President Marcel Heinen op d’Saison 2021/22 an op d’Hironn vun der lafender Saison zeréckgekuckt. Nom Ofstig an déi zweet Divisioun ass d’Zil, mam neien Trainer Georg Schanen a mat enger nei forméierter jonker Ekipp, nees sou séier wéi méiglech opzesteigen. Aktuell steet di éischt Ekipp op der zweeter Platz. Déi zweet Ekipp konnt den Opstig an déi drëtt Klass feieren.
Am Jugendberäich zielt de Veräin aktuell 177 Lizenzen. An de Kategorië Bambinis, Pupilles, Poussins a Minimes ass de Veräin mat jeeweils enger Ekipp am
Championnat vertrueden. Bei de Scolaires, Cadets a Juniore spillt den Daring mat de Veräiner US Berdorf-Consdorf 01, Union Mertert-Wasserbillig a FC Victoria Rosport an der Entente Ënnersauer-Mëllerdall. D’Jugendkommissioun mam President Julio Paulos organiséiert am Laf vum Joer divers Aktivitéite fir hir Jugendspiller. Ausserdeem organiséiere si zesumme mam Volleyball de Catering op der Randonnée Charly Gaul, maachen Atelieren um Schoulsportdag an hëlt um Cortège vun Nationalfeierdag an un der grousser Botz deel.
Den Organisatiounscomité 100 Jaouer Daring huet nach eng Kéier op d’Aktivitéite vum Centenaire zréckgekuckt an dem Daring ee Scheck vu 5 000 Euro an der Jugendkommissioun ee
Scheck vu 4 000 Euro iwwerreecht.
Am Numm vun der Gemeng huet de Ben Scheuer als Sportschäffen dem Organisatiounscomité fir 100 Jaouer Daring felicitéiert fir déi perfekt Organisatioun a fir dat flott Buch, wat si publizéiert hunn. Och huet hie vu Säite vun der Gemeng weiderhin dem Daring seng voll Ënnerstëtzung zougeséchert a verséchert, datt déi Projeten, déi geplangt sinn (Luuchten um Grasterrain, Parking, Umzäunung) Realitéit ginn.
Zum Schluss vun der Generalversammlung huet de President Marcel Heinen nach eng Kéier jidderengem Merci gesot, deen de Veräin ënnerstëtzt, sief et finanziell oder duerch säin Asaz um an nieft dem Terrain.