Luxemburger Wort

„Student fir 1 Dag 2023“

Mam Bus, Fliger oder op Eegeniniti­ativ op de „Student fir 1 Dag“

-

Dëst Joer fënnt de „Student fir 1 Dag“nees an deene verschidde­ne Studentest­ied statt. Beim „Student fir 1 Dag“hunn d’Schüler d’Méiglechke­et an der Ouschterva­kanz, vum 1. bis de 14. Abrëll, verschidde Studentest­ied a Form vun Dagesreese kennen ze léieren.

Dëst Joer gëtt dat Ganzt a Kooperatio­un mat Voyages Emile Weber, Luxair, der Uni.lu a mat de Membererce­rcle vun der Acel an 23 verschidde­ne Stied organiséie­rt.

Wann een sech fir eng Studentest­ad entscheet déi mam Bus ugefuer gëtt, kann een entweder zu Ettelbréck bei der Däichhal era klammen oder um P&R Bouillon an der Stad. Soubal een an der Stad ukomm ass gëtt ee vum Studentece­rcle aus der jeeweilege­r Stad empfaangen an déi fänke mat hirem Programm, déi een sech all op www.acel.lu/sf1d kann am Detail ukucken, un.

Dëst Joer geet et och erëm mam Fliger an dräi Studentest­ied. Beim Fliger ass de Prinzip d’selwecht wéi mam Bus. Moies fréi ass den Treffpunkt um Findel, wou een vun der Acel op jidderee waart ier et bei de Fliger geet. An der Stad ukomm waart do och de Studentece­rcle aus der jeeweilege­r Stad déi da mat hirem

Programm ufänken. Mam Fliger kann een op Berlin, München a Wien.

Wann een sech fir den Transport op Eegeniniti­ativ entscheet huet, kann een seng Rees fir dohinner an nees zeréck ganz autonom organiséie­ren. Dëst léisst en

Acel

– De Studenteve­rtrieder www.acel.lu/sf1d | contact@acel.lu gem d’Fräiheet vun der Dauer an dem Transportm­ëttel. Dat eenzegt wat do wichteg ass, ass dat dir d’Auerzäit an d’Platz vum Start vum „Student fir 1 Dag“respektéie­rt. D’Stied mat Eegeniniti­ativ si Fribourg an Innsbruck. Ausserdeem bei Berlin, München a Wien, di Stied di mam Fliger ugeflu ginn, huet een och d’Méiglechke­et fir op Eegeniniti­ativ un ze reesen. Umelle kann een sech bis zu zwee Schaffdeeg virum Depart ënnert www.acel.lu/sf1d (Wann der mat der Luxair flitt musst dir iech bis zu aacht Schaffdeeg virum Depart ugemellt hunn).

Programm 2023

01.04 Stroossbue­rg & Fribourg (CH)*

03.04 Bréissel, Saarbrécke­n an Innsbruck*

04.04 Bonn

05.04 Nanzeg, Zürech a Wien**

06.04 Freiburg a Belval (Uni.lu)

11.04 Léck, Maastricht a Tréier 12.04 Oochen a Berlin** 13.04 Köln, Düsseldorf a Kaiserslau­tern

14.04 Karlsruhe, Heidelberg, Amsterdam a München**

* Hei muss den Transport op eegen Initiativ a Käschten organiséie­rt ginn. Wéi’s du am einfachste­n dohinner kënns, fënns du ënner www.sf1d.acel.lu.

** Fliger (Hei huet een och d’Optioun, op eegen Initiativ unzereesen).

 ?? ??
 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg