Generalversammlung zu Schieren
D‘Chorale Caecilia Schieren feiert hier 90 Joer
Schieren. A senger Usproch huet de President senge Sänger, den Organisten, dem Dirigent esou wéi och dem Kommitee Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht gesot. E grousse Merci goung un d’Gemeng fir d‘Subside, a fir all méiglech Ënnerstëtzung, besonnesch och fir de Support vun der technescher Equipe, déi ëmmer disponibel ass, wann Nout um Mann ass.
Aus dem Aktivitéitsbericht vun der Sekretärin goung ervir, dass de Chouer ganz aktiv war, an dat mat insgesamt 84 Aktivitéiten: 48 Prouwen a 35 Massen, dovu siwe Begriefnesmassen. De Comité huet sech eelef Mol getraff.
De Jubiläumsconcert zum 90. Gebuertsdag ass fir de 7. a 15. Oktober geplangt. De Concert gëtt zu Ierpeldeng un der Sauer an zu Schieren gesongen, dat zesumme mat verschidden anere Chorallen. Um Programm sti flott Wierker vum Dicks, deen och säin 200. Gebuertsdag géif feieren.
A senger Ried huet de Buergermeeschter der Chorale e grousse Merci fir hiert Engagement ausgedréckt, wat zur kultureller Opwäertung vum Duerf, sief dat an de Massen oder d‘Presenz op de verschiddene Manifestatiounen, bäidréit. Am Summer soll de neie Kulturzenter „déi al Schoul mat historeschem Wäert“déi néideg Infrastrukture virweisen, fir Concerten do ze presentéieren. Hien huet verséchert, dass d‘Gemeng ëmmer een oppent Ouer fir seng Chorale huet, an dass de Veräin op d‘Ënnerstëtzung vum Service Technique vun der Gemeng ziele kann.
Den Dirigent Jean Gehlen huet e Merci un all seng Sängerinnen a Sänger, an un d‘Organiste geriicht. Hien huet dat gutt Verhältnis mat sengem Comité ervirgehuewen a bemierkt, dass vill a gutt geschafft gëtt. Och huet hie vermierkt, dass trotz den Demarchë fir nei Sänger ze fannen, den Erfolleg awer leider net grouss war. Hien huet drop higewisen, dass d’Initiativen, déi vun der Chorale Schieren aus gounge fir e Concert am Kader vum 90. Gebuertsdag ze sangen, am lafe sinn, esou wéi och d’Gespréicher mat anere Chorallen, wou schonns e puer Zousoe confirméiert goufen. Et wär dëst och eng Geleeënheet fir dëse Concert am neie Kulturzenter zu Schieren ze presentéieren.
Den Deche Martin Molitor, huet am Numm vum ganzen Team vun de Paschtéier der Chorale an den Organisten e grousse Merci gesot. Et ass eng wichteg Aufgab fir d‘Gottesdéngschter gesanglech a musikalesch ze begleeden an ze verschéineren a gëtt den trauernde Famille besonnesch an de Begriefnesmassen Trouscht.
De Piusverband war duerch de John Düsseldorf vertrueden, deen a senger Ried déi gutt Zesummenaarbecht vun der Chorale mam Verband ervirgestrach huet. Hien huet dunn folgend Medailen u verdéngschtvoll Membere vun der Chorale ausgedeelt: Eng Bronze Medaile fir zéng Joer Member vum Piusverband krut d’Monique Ley; d’Gold-Medaile fir 30 Joer Member vum Piusverband krut d’Christiane Glod; d’Gold-Medaile mat Palmette fir 40 Joer Member war fir d’Léonie Plier-Meyers.
De Jos Bormann krut fir seng 60 Joer Memberschaft Merci gesot a kritt am Laf vum Joer en Diplom vum Kardinol Jean-Claude Hollerich iwwerreecht. Et sief awer och vermierkt, dass de Jos Zeimes am Juni 2022 déi verdéngschtvoll Medaile an zwar den Ordre de mérite du GrandDuché de Luxembourg – Chevalier vun der Kulturministesch Sam Tanson iwwerreecht kritt huet
en Dirigent, d’Archivarin, d’Organisten esou wéi den Éierepresident kruten e klenge Cadeau als Merci fir hir Verdéngschter.