„Däi Brudder steet nees op!“
Die Frohbotschaft – 5. Fastensonntag – „Iudica“
2. Lesung (Röm 8, 8-11)
Der Geist dessen, der Jesus von den Toten auferweckt hat, wohnt in euch
Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Gemeinde in Rom.
Schwestern und Brüder!
Wer aber vom Fleisch bestimmt ist, kann Gott nicht gefallen. Ihr aber seid nicht vom Fleisch, sondern vom Geist bestimmt, da ja der Geist Gottes in euch wohnt. Wer aber den Geist Christi nicht hat, der gehört nicht zu ihm. Wenn aber Christus in euch ist, dann ist zwar der Leib tot aufgrund der Sünde, der Geist aber ist Leben aufgrund der Gerechtigkeit. Wenn aber der Geist dessen in euch wohnt, der Jesus von den Toten auferweckt hat, dann wird er, der Christus von den Toten auferweckt hat, auch eure sterblichen Leiber lebendig machen, durch seinen Geist, der in euch wohnt.
Evangelium vum 5. Faaschtesonndeg (Joer A / Joh 11, 1-45)
E Mann war krank, de Lazarus vu Bethanien. Dat ass dat Duerf, an deem d'Maria an hir Schwëster, d'Martha, gewunnt hunn. D'Maria war déi Fra, déi den Här mat parfüméiertem Ueleg gesaleft an seng Féiss mat hiren Hoer ofgedréchent hat. De Lazarus, dee krank war, war hire Brudder. Duerfir hunn déi zwou Schwësteren nom Jesus geschéckt an him soe gelooss: „Här, kuck, de Lazarus, deen s du gär hues, ass krank.“Wéi de Jesus dat héieren huet, sot hien: „Seng Krankheet féiert net zum Doud, ma se ass do wéinst dem Herrgott senger Herrlechkeet, fir datt dem Herrgott säi Jong duerch si verherrlecht gëtt.“De Jesus hat d'Martha an hir Schwëster an de Lazarus gär. Obschonns hien elo héieren huet, datt de Lazarus krank war, ass hien nach zwéin Deeg op där Plaz bliwwen, wou hie war. Eréischt duerno sot hien zu senge Jünger: „Loosse mer hannescht a Judäa goen.“D'Jünger awer soten: „Rabbi, elo grad hunn d'Judde gesicht fir dech ze stengegen, an du wëlls duer hanneschtgoen?“De Jesus huet geäntwert: „Huet den Dag net zwielef Stonnen? Een, deen am Dag doruechter geet, dee stéisst sech net, well hien d'Liicht vun dëser Welt gesäit, ma een, deen an der Nuecht doruechter geet, dee stéisst sech, well d'Liicht net an him ass.“Dëst huet hie gesot, an duerno sot hien zu hinnen: „De Lazarus, eise
Frënd, ass entschlof, ma ech ginn elo dohin, fir hien aus dem Schlof z'erwächen.“Du soten d’Jünger zu him: „Här, wann hien entschlof ass, da gëtt hie gerett.“De Jesus hat vum Lazarus sengem Doud geschwat, si awer hu gemengt, hie géif vum gewéinleche Schlof schwätzen. Du sot de Jesus hinne riichteraus: „De Lazarus ass gestuerwen, an ech freeë mech wéinst ärer, datt dir zum Glawe komme kënnt, grad wellech net do war. Ma loosse mer elo bei hie goen.“Du sot den Thomas, deen Zwilling genannt gouf, zu deenen anere Jünger: „Loosse mir matgoen, fir mat him ze stierwen!“Wéi de Jesus dohi komm ass, louch de Lazarus schonn zënter véier Deeg am Graf. Bethanien läit no bei Jerusalem, ongeféier 15 Stadien ewech. Vill vun de Judde ware bei d'Martha an d'Maria komm, fir si wéinst hirem Brudder ze tréischten. Wéi d'Martha héieren huet, datt de Jesus kéim, ass si him entgéintgaang; d'Maria awer ass am Haus bliwwen. Du sot d'Martha zum Jesus: „Här, wann s du hei gewiescht wäers, da wär mäi Brudder net gestuerwen. Ma och elo weess ech: Dat, wourëms du den Herrgott frees, dat gëtt den Herrgott dir.“De Jesus sot zu hir: „Däi Brudder steet nees op.“D'Martha huet him geäntwert:
„Ech weess, datt hien nees opsteet –bei der Operstéiung op Jéngsterdag.“De Jesus sot zu hir: „Ech sinn d'Operstéiung an d'Liewen: Wien u mech gleeft, dee lieft, och nodeems hie gestuerwen ass, a jiddereen, dee lieft an u mech gleeft, dee stierft an all Éiwegkeet net. Gleefs du dat?“D'Martha sot zu him: „Jo, Här. Ech gleewen, datt s du de Christus bass, dem Herrgott säi Jong, deen an d'Welt kënnt.“Dunn ass si fortgaang, huet heemlech hir Schwëster, d'Maria, geruff a sot zu hir: „De Meeschter ass do, an hie rifft dech.“Wéi