Mir si méi un d'Summerzäit gewinnt wéi und d'Wanterzäit
Den Auteur mecht sech Gedanken iwwert d'Zäitemstellung
Leider fannen ech déi Argumenter, déi do geschriwwe stinn (Artikel „Die Zeitumstellung ist kompliziert und bringt nichts“) nit méi ze erdroen. Et schéngt, wéi wann hei zu Lëtzebuerg just Leit géife wunnen, déi schonn um 21 Auer wëllen am Bett leien. Déi sinn hoffentlech eng Minoritéit, well jiddereen, dee Sport bedreift, weess, dass et näischt méi Flottes gëtt, wéi Owes no der Aarbecht an nach bei Dagesliicht sengem Hobby kënnen nozegoen.
Nit just Sportler, nee och all aner Fräizäitbeschäftegungen, déi besser oder eeben just bei Dagesliicht kënne gemaach ginn, sinn der Summerzäit ze verdanken. Fir et emol op de Punkt ze bréngen, et misst een d’Wanterzäit ofschafen. Schliisslech sti mer do an der Nuecht op a kommen an der Nuecht Heem. Wéi deprimant ass dat dann?
Huet iwwerhaapt schonn emol een sech driwwer Gedanke gemaach, wéi laang d’Summerzäit ass? An Europa sinn et 217 Deeg, woubäi d’Amien dräi Woche méi Summerzäit hunn. Wann also vun 365 Deeg am Joer 217 Deeg Summerzäit sinn, läit et op der Hand, dass mer méi un déi gewinnt sinn ewéi un d’Wanterzäit. Lëtzebuerg ass nit wäit vir am Ranking vun der Ziviller Zefriddenheet, wat awer en groussen Deel géif hëllefen, wann d’Wanterzäit ofgeschaaft géif ginn. Et ass bewisen, dass wa mer méi Zäit fir eis Fräizäit hunn, mer am glécklechste Moment vun eisem Alldag sinn. Mir ginn déi 148 Deeg an der permanenter Donkelheet fierchterlech op den Nerv.
Dann och nach eng Zeil iwwer de Jetlag. Wann een d’Schlaangen op den internationale Flughäfe kuckt, da gesäit et wierklech nit duerno aus, wéi wann dat e Probleem ass. Jiddereen, deen eppes op eng Vakanz hält, déi sengem Statut ugepasst ass, flitt dach praktesch ronderëm d'Welt, a mécht sech iwwer d'Zäitëmstellung fir dohin a fir zeréck dach keng Gedanken, Jetlag Ahoi!
Bleift nach de Vermierk op äre Bericht an der Ausgab vun en Dënschden. Do steet „... die nichts anders macht, als eine Stunde Dunkelheit von morgens auf abends zu verschieben!“
Do schéngt den Auteur voll menger Meenung ze sinn, esou ass et bei der Wanterzäit, an ewéi schonn erwäänt, déi brauch kee gléckleche Mënsch.
Jos Schwind, Mamer
Dëst ass eng Reaktioun zum Artikel „Die Zeitumstellung ist kompliziert und bringt nichts“vum 21. Mäerz 2023.