15 000 Euro fir gutt Zwecker weiderginn
Opléisung vun de Fraen a Mammen aus der Gemeng Sëll
Sëll. Am Januar 1987 sinn d’Fraen a Mammen aus der Par gegrënnt ginn an no 36 Joer huet de Veräin, dee bis haut ënnert dem Numm Fraen a Mammen Gemeng Sëll aktiv war, bedéngt duerch Nowuessproblemer, sech leider missen opléisen. No de Wieder vu Wëllkomm a Merci vun der Éierepresidentin Eliette Steffen-Antony, ass am Laf vun der Generalversammlung un di dräi läscht verstuerwe Memberen aus dem Veräin geduecht ginn. An hirem uschléissende Réckbléck gouf op di vill Aktivitéite vun de Fraen a Mammen aus der Gemeng Sëll wärend deene 36 Joer higewisen. Net manner wéi 199 536 Euro hunn fir gutt Zwecker kënnen iwwerreecht ginn. Nodeems dat d’Sekretärin Martine Ensch-Even di verschidde Manifestatioune vum Joer 2022 am Detail erkläert huet, ass di positiv Finanzlag vun der ACFL-Sektioun ervirgehuewe ginn. Beim Punkt 6 vun der Dagesuerdnung: Opléisung vum Veräin duerch Ofstëmmen, wou di néideg zwee Drëttel vun de Memberen net present waren, ass direkt am Uschloss vun der ausseruerdentlecher Generalversammlung ofgestëmmt ginn. Hei waren dann all uwiesend Memberen a Virstandsmemberen unisono derfir, fir d‘Fraen a Mammen aus der Gemeng Sëll direkt opzeléisen. Mat der Iwwerreechung vun engem klenge Kaddo sinn d’Éierepresidentin Eliette Steffen an d‘Sekretärin Martine Ensch fir hir wäertvoll Aarbecht an all deene Jore belount ginn. Am Numm vun der Gemengeverwaltung huet de Buergermeeschter Jang Konsbrück op di laang Traditioun vun de Fraen a Mammen Gemeng Sëll higewisen, déi wärend ville Joren zum feste Bestanddeel an der Gemeng gehéiert huet. Leider huet de ganz aktive Veräin, den och mam Problem Benevolat ze kämpfen hat, missen opginn. Zum Schluss vun der Generalversammlung koum et zu enger dräifacher Scheckiwwerreechung am Gesamtwäert vun 15 000 Euro. Als Member vum Direktiounscomité, konnt d’Lydie Diederich e Scheck vu 5 000 Euro, den der Vereenegung Alzheimer ze gutt kënnt, an Empfang huelen. E weidere Scheck vu 5 000 Euro, dee fir Médecins du monde bestëmmt ass, huet d’Yolande Wagner ugeholl. Den drëtte Scheck vu 5 000 Euro huet d’Caroline Theves mat Freed entgéintgeholl, deen der Caritas Lëtzebuerg zegutt kënnt. Nodeems dat di verschidde Scheckempfänger hir jeeweileg Vereenegungen, verbonne mat engem grousse Merci, am Detail erkläert hunn, huet di läscht Generalversammlung vun de Fraen a Mammen Gemeng Sëll hire würdegen Ofschloss fonnt.
Charles Reiser via mywort