Innovativ an d‘Zukunft!
Concert „Sängerbond and friends meet movies“am Dikrecher Lycée
Dikrech. Kierzlech huet sech d’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech am LCD zu Dikrech bei hirem Concert „Sängerbond and friends meet movies“vun enger neier Säit gewisen. Sprëtzeg, dynamesch a mat engem ongewinnte Repertoire: Filmmusek. Den Dirigent Andy Loor hat decidéiert, all Facette vu Gesangsstëmmen ze weisen an huet verschidde Stécker fir dëse Concert extra arrangéiert.
Ënnert senger Leedung konnt net nëmmen de Filmorchester mat senge Soliste glänzen, mee och de Chouer huet deen Owend iwwerzeegt. Bei Arrangementer aus „ Avatar“, „ Amistad“a „Pirates of the Carribean” hunn d‘Sänger gewisen, wat an hinne stécht.
Nach eppes Besonnesches un dësem Concert war d’Konzept ,, Sängerbond and friends“. D’Chorale wëll sech weiderentwéckelen a weiderliewen an huet dofir seng Philosophie iwwerduecht. D’Veräinsliewen ass net méi wéi et an der Zäit war. Obwuel vill Leit gäre sangen, wëllen si sech net onbedéngt fest an engem Veräin engagéieren. Dofir huet d’Chorale hir Diere grouss opgemaach a konnt vill léif a motivéiert Leit aus allen Häre Länner an hire Reie begréisse, fir bei dësem Projet ze hëllefen.
Wéi schéin ass et dach, wann den Dirigent an zwou, souguer dräi Sproochen d‘Prouwen ofhale kann. Sou funktionéiert Integratioun an Evolutioun!
Et ass fir den Dikricher Sängerbond eng grouss Chance mam Andy Loor ee jonken an dynameschen Dirigent ze hunn, deen de Chouer ënnerstëtzt an de Sänger ëmmer rëm nei Impulser gëtt. Mat der Zäit matgoen ass de Motto vum Veräin a weisen, wéi schéin et ass zesumme Musek ze maachen. Dofir sinn déi nächst Concerten och an Zesummenaarbecht mat anere Veräiner geplangt.
Joelle Muller via mywort