Flotte Galaconcert
Dirigentewiessel bei der Harmonie Rollengergronn
Lëtzebuerg. De Galaconcert „Happy Hour“, op deen d’Harmonie Rollengergronn invitéiert hat, war dëst Joer e ganz Besonneschen. D’Musikanten an de Comité hunn hirem Dirigent, dem Ivan Boumans, deen zwielef Joer mat ganz vill Engagement a Kreativitéit den Taktstaf geschwongen huet, Äddi gesot. Esou Momenter si seelen am Rollengergronn. Et si se an deene leschte 77 Joer eréischt fënnef Mol ginn. Domat ass de Uilson Castro, deen am Juli dëst Joer d’Relève geholl huet, elo de sechsten Dirigent am Rollengergronn. Virum engem komplett gefëllte Sall huet hien, zesumme mat de Musikanten, de
Publikum konnte begeeschteren. Ugefaange gouf de Concert mat „Second Suite in F“vum Gustav Holst, ier dunn den Ivan Boumans eng leschte Kéier nom Taktstaf gegraff huet, fir „Choreography“vum Robert Sheldon ze dirigéieren. Duerno koum et dunn zur offizieller Baguetteiwwerreechung, bei där och déi traditionell, mat ville gudde Saache beluechte Baguette natierlech net duerft feelen! Mat „Basilica di San Marco“vum Mario Bürki a „Mary’s Boy Child“vum Jester Hairston an engem Arrangement vum Philip Sparke goung et dunn an d’Paus. Mat „Life in the Capital City“an engem emotionale Solo um Vibraphon a Klackespill ass et no der Paus weidergaangen. „Return to Neverland“, „Brudemarsj fra Lødingen“, en traditionellen Hochzäitsmarsch aus Norwegen, an „André Rieu in Concert“an der Zugab hu weider dofir gesuergt, dass fir all Goût eppes dobäi war. Et wor deemno e flotten a ganz besonneschen Owend, um Enn vun deem d’Musikanten, hire Comité an hir Frënn vun der Amicale dem Ivan nëmmen dat Allerbescht op sengem weidere musikalesche Wee wënschen a sech drop freeën, mat hirem neie Chef, dem Uilson, nei Weeër ze goen.
Harmonie Rollingergrund
via mywort