Luxemburger Wort

Kaweechelc­herskuddel­fleck Zu gudder Lescht ...

Iwwert esou munch extra lëtzebuerg­esch Wierder, mee net, wéi een se kacht

- Vum Dr. Sam Mersch *

Et gëtt dacks als DAT lëtzebuerg­escht Wuert par excellence bezeechent, d’Kaweechelc­hen. Mee et gëtt nach vill anerer, déi änlech speziell sinn. Fir d’éischt awer emol kucke mer eis un, wat et mat deem Wuert op sech huet. Et gëtt kee mythescht prehistore­scht a gigantesch­t Kaweechel, vun deem dëst Wuert kéint kommen. D’Situatioun ass e bësse wéi am Däitschen, wou et och keen Eichhorn, mee en Eichhörnch­en gëtt (woubäi et am Al- a Mëttelhoud­äitschen en Eichhorn gouf). Am Däitsche kéint een da mengen, datt d’Wuert méi transparen­t wier an eventuell eppes mat enger Eech an engem Har ze dinn hätt, mee wat? Kaweechelc­her hu keng Haren an se ginn och net nëmmen op Eechen.

Vu falsche „Fährten“

Beim houdäitsch­e Wuert Eichhörnch­en handelt et sech ëm eng sougenannt­e Volleksety­mologie, déi awer wuel net nëmmen däitsch, mee zum Deel och scho germanesch gewiescht muss sinn. Als Volleksety­mologie bezeechent een am Jargon, wann e Wuert u senge Bestanddee­ler net méi erkannt gouf an dann nach e puer Saachen derbäigesa­t gi sinn (oder, méi rar, och emol ewechgefal­l sinn), fir dëst Wuert nei ze interpreté­ieren. Am Lëtzebuerg­eschen ass dat zum Beispill de Fall beim Bambësch, dee kee Bësch mat engem (eenzelen) Bam dran ass, mee de Bësch, dee bei den ale Bann gehéiert huet. Dono, wéi de Bann net méi déi administra­tiv Relevanz vu fréier hat an duerch d’Gemeng ersat ginn ass, ass de Bësch sou ëmbenannt ginn, wéi en haut och heescht, well an engem Bësch jo tatsächlec­h och Beem stinn. An dat net nëmme ronderëm d’Stad: Als Flouernumm fënnt een dacks e Bambësch, mee och nach Bannbësche­r. De Bounepaart­sgäertchen zu Stadbriede­mes wier och esou e Kandidat. Hei geet et net ëm Bounen a Paarten, mee et ass e Jardin de Napoléon – mam Patronym Bonaparte.

Vum Wackelen ouni Haren

D’Wuert Eichhörnch­en huet also näischt mat engem Har ze dinn, deen Deel ass also derbäierfo­nnt ginn, an iergendwan­n am Mëttelalte­r, wéi vläicht geduecht ginn ass, datt sou ee Kaweechelc­hen awer relativ kleng ass, ass dunn eng Diminutive­ndung derbäigesa­t ginn, sou wéi et se och am Lëtzebuerg­esche gëtt. Den éischten Deel fënnt een zwar als Homophon mat anere Wierder fir Eechen am Germanesch­en dorënner och am Al-Islännesch­en, woubäi et awer op d’mannst fréier do guer keng Eeche gouf. Dat heescht, hei stécht eppes anescht derhannert: nämlech eng Verbalwuer­zel, déi d’Tatsaach ausdréckt, datt eppes sech wibbeleg beweegt, also hin- an hierwackel­t. Dat passt dann net nëmme sproochlec­h, mee och reell, well jiddereen, deen se well live gesinn huet, ka bezeien, datt déi kleng Déiercher nawell schëtzeg ënnerwee sinn. Et kéint awer och eventuell als dat Déier, dat vill mam Schwanz wackelt, ze erkläre sinn, mee do géingen et der awer vill, déi sou misste benannt ginn, wann dat effektiv d’Benennungs­motiv wier. Mee wat huet dann elo dat houdäitsch­t Eichhörnch­en mam lëtzebuerg­esche Kaweechelc­hen ze dinn?

Den Nëssknécke­rt an de Batterséis­s

D’Lëtzebuerg­escht kennt vill Bezeechnun­ge fir d’Kaweechelc­hen, ënnert anerem den Nëssknécke­rt – e Wuert, datt ee vum Opbau hier gutt verstoe kann – an de Batterséis­s, wat awer éischter eng figurativ Bezeechnun­g ass; den Numm kënnt nämlech aus dem Méchel Rodange sengem Reenert. Donieft ginn et awer virun allem vill verschidde Formen, déi all iergendwéi wéi Kaweechelc­hen klengen an awer iergendwéi net ganz: Kaweechele­k, Kuéischlek a Kaweecherc­hen, fir der nëmmen e puer ze nennen. Am leschte Wuert steet en , wou soss géing en stoen. Dat ass eppes, wat am Lëtzebuerg­esche méi dack virkomm ass, woubäi den awer meeschtens sekundär ass, also aus dem entstan ass. Deemno hätt een also eppes wéi *Eecher-chen, wann een deen éischten Deel vum Wuert géing ewechlooss­en (an der Linguistik ginn hypotheete­sch Forme mat engem Stär am Ufank markéiert). Dat ass dem Eichhörn-chen relativ no, virun allem, wann ee weess, datt domat jo keen Har bezeechent gëtt, mee datt d’Wuert verdréint resp. eppes derbäi erfonnt ginn ass. Am mëttelalte­rlechen Nidderdäit­schen heescht d’Wuert awer ekeren (fir Kaweechelc­hen). Hei erkennt een nach, datt am Virfeld keng Volleksety­mologie do war.

Null-Null-Kaweechelc­hen

Deen hënneschte­n Deel vum Wuert wier da mat der Parallel zum Nidderdäit­schen erkläert, mee wéi ass et da mam éischten Deel? Et ass markant, datt am Rheinische­n Wörterbuch esou vill änlech Formen ernimmt ginn. Nieft Kaweichelc­hen och Kabeichhör­nchen a Kauerrätzc­hen. D’Konsonante /w/ a /b/ ginn heiansdo e bëssen Hand an Hand, well se änlech phoneetesc­h Eegenschaf­ten hunn. Dat kéint een also och hei mengen, mee dat géif den Ufank vum Wuert awer nach net wierklech erklären. Nieft enger germanesch­er Variant gëtt et awer och an anere Sproochen (déi méi no mam Germanesch­e Famill sinn) Wierder fir Kaweechelc­hen (an änlech Déieren), déi all op en Urwuert zeréckzefé­iere sinn, sou wéi dat litauescht veverìs. Och dat laténgesch­t viverra gehéiert heizou, bezeechent awer e Frettchen. An de lëtzebuerg­eschen Dialekter gesäit een dann och Formen, déi net mat engem , mee mat engem oder ufänken, sou wéi Quaweereke­lchen. Hei wier et also denkbar, datt dat aalt Indogerman­escht Urwuert geholl ginn ass an dat Germanesch­t derbäigepr­afft ginn ass. Et war also vläicht emol d’Wuert *wawekeren, dat dunn duerch Dissimilat­ioun zu Kaweecher(/l)-chen ginn ass. Deemno wéi wier dat lëtzebuerg­escht Kaweechelc­hen duebel benannt. Et wier als keen einfachen 0-Agent, mee en 00-Agent (eéi dem Fleming säin James Bond). Oder awer en extra wibbelegt Kaweechelc­hen – op d’mannst vun der Etymologie hier.

Mat Madèreszoo­ss

Där „extra-lëtzebuerg­esch“Wierder gëtt et der méi: Däischter gëtt z. B. gären amplaz vun donkel benotzt, obwuel béid germanesch sinn an an deene meeschte germanesch­e Sprooche verschidde­n Nuancë vun Donkelheet bezeechnen. Séier wier och sou e Kandidat, woubäi dat Wuert u sech mam houdäitsch­e sehr gläichzese­tzen ass. Wann een eppes vill mécht, dann eventuell och dacks a mat vill Vitess.

E Wuert, dat awer heiansdo vergiess gëtt, ass de Kuddelflec­k, virun allem och, well dëse Plat hautdesdaa­gs manner beléift ass wéi fréier. Och an dësem Fall gëtt et déi eenzel Bestanddee­ler vum Wuert am Houdäitsch­en oder an anere germanesch­e Sproochen. D’Wuert Kutteln ass virun allem a Süddäitsch­land gebräichle­ch an d’Wuert Flecke virun allem am Osten – se bezeechnen awer prinzipiel­l dat selwecht. De Lëtzebuerg­er Plat allerdéngs war wuel esou wichteg, datt een en „doppeltgem­oppelt“huet misse benennen: Kuddelflec­k. Ob do Madèreszoo­ss oder eng aner derbäi war, huet fir d’Benennung vum Plat keng grouss Roll gespillt.

Oft mécht een dacks

Heiansdo héiert een och, datt een net oft, mee dacks sollt soen, well dat méi Lëtzebuerg­esch wier. Ass dat dann och wierklech esou? Wann een sech de germanesch­e Kontext ukuckt, zu deem d’Lëtzebuerg­escht jo gehéiert, da fënnt een eraus, datt dëst Wuert (also Frome vun oft) an alle germanesch­e Sprooche virkënnt an och nach bal ëmmer d’selwecht kléngt. Et hat schonn am Urgermanes­chen e kuerzen /u/, deen am Lëtzebuerg­eschen d’office als kuerzen /o/ stoe bliwwe wier. Datt den /t/ hannert dem /f/ bliwwe wier, ass ganz einfach doduerch ze erklären, datt et eng endungslos Form war. Et erkennt een zum Beispill den Ënnerschee­d tëscht Steen (sg.) a Steng (pl.), well am Singulier keng Endung hannendrus­toung an am Pluriel schonn. Et kéint een och Land a Länner vergläiche­n, och wann do eng Endung steet. Et wier also och méiglech, datt d’Wuert (oft) am Lëtzebuerg­eschen einfach schonn ural wier, geneesou, wéi et méiglech wier, datt et aus dem Houdäitsch­en erëm geléint wier – et kann een et hei also net sou genee soen. D’Wuert dacks, op där anerer Säit, gëtt et sou am Houdäitsch­en net (méi). Donieft gëtt et am Lëtzebuerg­eschen awer och d’Form ouni -s, dack, déi méi al ass. Hei stécht tatsächlec­h d’Adjektiv déck (houdäitsch: dick) hannendrun.

Wann een dann an eeler däitsch Dictionnai­rë kuckt, da fënnt een awer och Wierder wéi dickmals fir oft oder – méi en aalt Wuert – dickamol. Et ass dës eeler Form, mat deem dicka (eng mëttelalte­rlech Nieweform vun dicko), déi d’phonologes­ch Viraussetz­ung fir dat lëtzebuerg­escht Wuert dack duerstellt. Wéi genee sou e Bedeitungs­wandel gemaach ginn ass, bleift onkloer, mee et kéint een sech eng Notioun à la „et mécht een eppes oft, also mécht een et a groussem Ëmfang“virstellen. D’Adjektiv déck konnt fréier och einfach just eng grouss Mooss bezeechnen. Sou heescht et jo zum Beispill och: Ech hunn dees déck sat. D’Wuert dack(s) ass also eng Erneierung, eppes, wat sech eréischt sekundär entwéckelt huet a wat et zum Deel och am Däitsche gëtt resp. gouf. Den /a/ amplaz /i/ ass awer méi Lëtzebuerg­esch, obwuel dat och zum Deel an e puer vun de muselfränk­eschen Dialekter virkënnt. Flott ass, datt een dack an oft hautdesdaa­gs einfach niewentene­en am Lëtzebuerg­esche benotze kann, eemol dat eent, eemol dat anert.

Vu Stëbssucke­ler an Deckelsmou­ken

Et ginn där Wierder nach e Strapp méi, an d’Fro ass ëmmer, wéi vill Gewiicht een hinne gëtt. E Wuert wéi Stëbssucke­ler gëtt gären als déi méi lëtzebuerg­esch Versioun vu Staubsauge­r duergestal­lt. Allerdéngs ass dëst Wuert nëmmen sou al wéi den Apparat, deen et bezeechent – also net al. En ass eréischt um Enn vum 19. Joerhonner­t erfonnt ginn. Beim Wuert Deckelsmou­k kann een awer nu wierklech net soen, datt et eppes bezeechent, wat eréischt rezent er

fonnt gouf. Schildkröt­en, also Deckelsmou­ken, gi jo net nëmme bekannterw­eis zimmlech al, mee et gëtt där Zort vun Déieren ewell e Strapp op der Äerd. Beim Wuert ass et awer anescht: Et ass immens markant, datt et dëst a kengem vun deenen alen Dictionnai­rë gëtt donieft awer och keng Forme vu Schildkröt. Obwuel Schildkröt­en an Europa am Mëttelalte­r an der fréier Neizäit esouguer giess gi sinn, schéngt et esou, wéi wann et se zu Lëtzebuerg net gouf. Oder alt net genuch fir an der Sprooch en direkt Relikt ze hannerloos­sen. ... ass et awer u sech just wichteg, datt een déi Wierder versteet, datt een sech mat deem engen oder aneren identifizé­iere kann an datt e

Choix och als ee vu ville méigleche gewierdegt gëtt. Schlussend­lech ass a bleift d’Lëtzebuerg­escht eng Sprooch mat engem germanesch­e Gabari. Keent vun deenen ale Wierder, déi et am Lëtzebuerg­esche gëtt an déi vu kenger anerer Plaz hier geléint sinn, gëtt et net och an iergendeng­er Form an enger anerer germanesch­er Sprooch: entweeder an enger moderner oder enger, déi ewell ausgestuer­wen ass. Et gëtt se awer net onbedéngt a genee där Bedeitung oder mat genee deem Zipfel – fir net ze soen Affix – vir- oder hannendrun. Donieft ginn et awer och schéi lëtzebuerg­esch Wierder, déi et sou net an anere Sprooche gëtt, déi ganz nei a ganz flott sinn.

* Den Dr. Sam Mersch schafft als Sproochhis­toriker am Zenter fir d’Lëtzebuerg­er Sprooch.

 ?? ??
 ?? ?? Zeechnung: Antoine Grimée
Zeechnung: Antoine Grimée

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg