Kolpinggedenkdag
Scheckiwwerreechung zu Dikrech
Dikrech. Viru Kuerzem gouf zu Dikrech de Gedenkdag zum Doudesdag vum séilegen Adolph Kolping, Grënner vum internationale Kolpingwierk, gefeiert. Dëst Joer war et un deene Feelener, fir dëst Fest ze organiséieren. Déi zwou Kolpingsfamillen aus Lëtzebuerg, Kolping Zentrum a Kolping Feelen, hunn sech um Parvis vun der Dekanatskierch zu Dikrech getraff, fir an enger Mass deen Dag ze feieren. Den Abbé Gregor Grzanka huet jiddereen häerzlech wëllkomm geheescht an der Gemeinschaft mat der „Par Dikrech Le Bon Pasteur“. Den Abbé Gregor huet de Begrëff Kolping, a speziell d‘Kolpingsfamillen an dem Ëmkrees vu sengem Wierken an Éisträich, gutt kannt. A senger Begréissung sot de Paschtouer: Kolping steet fir Hëllefsbereetschaft an Ënnerstëtzung fir déi mannerbemëttelt Matmënschen. D’asbl. Kolping Lëtzebuerg ënnerstëtzt international Projete ënner anerem a Rumänien, a mat Hëllef vum Ministère fir Ent
wécklungszesummenaarbecht och am Kongo. Wärend der Mass goufen dëst Joer dräi Associatiounen hei vu Lëtzebuerg mat Schecken zu jee 10 000 Euro ënnerstëtzt: ALA Maison de Séjour et de Soins Beim Goldknapp vun Ierpeldeng un der Sauer, Femmes en Détresse Lëtzebuerg an d‘Fondatioun Tricentenaire vu Walfer. D’Vertriederinne vun deenen Associatiounen hunn ee klengen Abléck ginn, firwat déi Spenden ugewant ginn. No der Mass war Rendezvous am Restaurant La Fondue – Hotel Esplanade zu Dikrech, wou et eppes fir den Honger an den Duuscht vum Kolping Feelen zum Beschte gouf. D’nächst Joer ass et un de Frënn aus dem Zentrum fir de Kolpinggedenkdag ze organiséieren.