Hannert mëffegem Provinzialismus verstoppen sech béis mënschlech Ofgrënn
„Kappgras“– en däischtert Erzielwierk vum Nico Helminger iwert eng Existenz tëscht batterer Minettnostalgie a verluerener Hoffnung an engem Mier vu krimineller Energie
A séngem neie Buch „Kappgras“bleift den Nico Helminger a munnecher Hisiicht deene literareschen Rezepter trei, mat deenen hien schon viru sechs Joer a sénger „Kuerz(er) Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge“e bemierkenswert Wierk presentéiert huet, dat him mat Recht am Joer 2018 de Prix Servais abruecht huet, mee déi och di interessant an ëmmer erëm iwwerraschend vielsäiteg Personnalitéit vun dësem Auteur ënner Beweis stellen.
Lesezeit
Op en Neits kuckt den Nico Helminger a „Kappgras“mat engem kriteschironesche Bléck op esou munnech oofstoussend gesellschaftlech Realitéiten zu Lëtzebuerg, wou sech hannert déiwem, mëffegen Provinzialismus béis mënschlech Ofgrënn an eng erschreckend kriminell Energie verstoppen. „Kappgras“ass e Portrait vun engem Lëtzebuerg, dat mer esou vläit net wëlle wouerhuelen an awer net ofstreiden kënnen, dass et et gët, vläit net ëmmer an der Krassheet vum Nico Helminger sénger Beschreiwung awer dach zumindest an den Dimensiounen vun enger batter-béiser Gesellschaftspersiflage. E Buch, dat een nët lassléist an um Enn beim Lieser eng vläit ameséiert mee och grad esou beonrouegend Nodenklechkeet hannerléisst.
Eng Stad um Bord vum Ënnergang
Während am „Menn Malkowitsch“den Nico Helminger eng vu falschem Schäin blénkeg Welt, eng vun den eegene Gewëssheeten gedriwwen, egoman an hypokritesch Gesellschaft a Form vun enger beréierender mee och ennerhaalender Liewensbeicht op d’Schëpp hëlt, ass „Kappgras“eng däischter literaresch Enquête an där den Auteur imaginär oder real, op jidde Fall iwwerspëtzt duergestallte Lëtzebuerger Zoustänn an eng grouss apokalyptesch Visioun vun enger weltwäiter krimineller Verschwörung transposéiert.
Als Resonanzbuedem dingt him hei déi ënnert dem Numm „Neschville“liicht ze erkennend Heemechtsstad vum Auteur, deen dobai kéng Händschen undeet, fir all dat ze thematiséieren, waat him grad an deem Kontext ganz uewe läit: vun engem kulturellen a sozialen Niddergang als Suite vun engem vireschten industriellen Ennergank bis hin zu enger wuessender moralescher Verkommenheet ënnert dem Afloss vu rücksichtsloser Spekulatioun a Korruptioun. Schlussendlech lafen an der Imaginatioun vum Auteur zu Neschville vill Fiedem vun de kriminellen Aktivitéiten vun enger international vernetzter Mafia zesummen, déi am Geschäft mat Buedema Bauspekulatioun, illegalem Handel an Wäisswäschen vu Suen aktiv ass. D’Stad, an där sech hannert dem Schäin vun enger grousser Kulturkiermes – e „grenzdebilt a strutzdommt Eventjoer (…), dat als eemolege Kulturmoment verkaaft get“– ëmmer méi Dekadenz an onbeschreiwlech Nout breet maachen, ass um Bord vum Ënnergang.
Thematesch ass d’Handlung vu „Kappgras“un di lues a lues erem opdauchend Erënnerungen vun engem Journalist geknäppt, deen no engem Autosakzident aus dem Koma erwäscht. No a no kënnt d’Erënnerung erop, un d’Kannerjoren an der Schlakestrooss, un d’Frënn an d‘Noperen an der Kolonie, un d’Bomi um Duerf, un d’Studentejoren zu Paräis (ënnert anerem als Duersteller vu Mordaffer bei juristeschen Rekonstruktiounen), un de psychoteschen Alldag an der Redaktioun vun der Neschviller Zeitung, dee fir heen d’Konturen vun engem „Passage an der Psychiatrie” dréit… All di Erënnerungen fléissen an d’Enquête iwwert eng internationaler kriminell Verschwörung, mëschen sech an d’Gespréicher mat der d’Psychologin vum Spidol, mam allgemengen Duercherneen am Kapp, mam Chaos vun de Wierder an de Biller…
Tëschend Satiir, Ironie a Provokatioun
Esou get „Kappgras“am Laf vun sénge 592 Säiten zu engem komplexen, plaatzeweis absurd-grotesken Konstrukt, bei deem de Nico Helminger och sénger Virléift fir extravagant Persiflagen an Digressiounen – seng ironesch-kritesch Exkursioun an di mondän Lëtzebuerger Filmwelt ass besonnesch gelongen – nozekommen. Verschidde real Figuren sin aus dem Kontext oder aus der Konstruktioun vun hirem Numm, duerchaus ze erkennen a gin der Geschicht plaazeweis eng ganz amüsant satiresch Nout. Heianso huelen och munnech Beschreiwungen vun Exzesser a Situatiounen gewollt apokalyptesch Zich un, déi dem Buch, wéi an der Billerwelt vun engem Hieronimus Bosch, eng grotesk a schockéierend Dimensioun gin, an där de Message mee och dee provokanten Gedankenustouss emsou besser zum Ausdrock kommen.
Mee och a formaler Hisiicht huet den Nico Helminger sech bei „Kappgras” erëm eppes Besonnesches afaale gelooss. Esou presentéiert sech dat ganz Erzielwierk a Form vun engem filmeschen Dokumentär, woubai ëmmer erëm Extraits’en aus deenen vum Erzieler ënner Pseudonym publizéierte Bicher di fragmentaresch Struktur vum Buch beräicheren an ënnersträichen. Vill real Fakten aus der Kinoswelt, déi den Auteur ganz gudd kennt, awer och aus der Kriminalgeschicht, der Literatur etc. mëschen sech an e facetteräicht Mosaik vun enger mënschlecher Dekadenzgesellschaft, déi keng Grenze kennt a sech och zu Lëtzebuerg als ee Mier vu krimineller Energie fest etabléiert huet, virun deem een, ouni Hoffnung a voll déiwer Resignatioun, nëmme nach soe kann: „Mär sin an enger Gesellschaft, déi Loscht mëcht ze beduchsen, also huele mer et net grad esou genee”.
: E kritesch-ironesche Bléck op esou munnech oofstoussend gesellschaftlech Realitéiten zu Lëtzebuerg.