Grouss Scheckiwwerreechung
Aktiv Frae Miersch verdeelen 41 000 Euro fir gutt Wierker
Miersch. Eng Rekord-Zomm vun 41 000 Euro, déi den Erléis vum Second-Hand-Maart leschten Oktober, organiséiert vun den Aktiv Frae Miersch (anciens Jeunes Mamans Miersch) duerstellt, konnt viru Kuerzem an der Hal Irbicht zu Biereng a Form vu Schecken un zéng benevole Hëllefsorganisatioune verdeelt ginn. Ugangs huet d’Presidentin Sylvie Hames-Nosbusch jidderengem Merci gesot, den derzou bäigedroen huet, dat dëst Evenement zu engem groussen Erfolleg gefouert huet. Ganz speziell gouf dem Virstand mat dem Organisatiounscomité mat alle benevole Dammen an Hären, der Gemengeverwaltung, den Häre vun der asbl. Nei Schaff, dem Mierscher Kannerduerf fir di vill Saache vun hirer Opléisung vun hirem Second-Hand, der Jugendspiller-Ekipp vu 5x Biereng fir d’Organisatioun vun der Kaffisstuff souwéi och alle Leit di gutt Kleeder, Spillsaachen, Kutschen a villes méi gratis zur Verfügung gestallt hunn, häerzlech gedankt. No enger klenger Projektioun iwwert d’Aarbecht vun de Mierscher Aktive Frae koum et dunn zur eigentlecher Scheckiwwerreechung. Fir ee
Scheck iwwert 5 000 Euro hunn sech d‘Mariette Fischbach an d‘Lydie Schmol gefreet, dee fir Europa Donna bestëmmt ass. Weider 5 000 Euro goufen dem Willy Smit an dem Naristé Sonunbekowa vun der Fondatioun Raoul Follereau iwwerreecht, déi der Organisatioun Sumedco zegutt kommen. Unity Foundation, vertrueden duerch hire President Fernand Schaber an d‘Claudine Winkel, hunn sech fir de Scheck vu 5 000 Euro och gefreet. Di national Vereenegung Wonschstär, mat hirer Presidentin Viviane Vermeer a Bernadette Neu, hunn fir de Scheck vu 5 000 Euro och villmools Merci gesot. E weidere Scheck vu 5 000 Euro, déi fir Nöel de la Rue bestëmmt sinn, konnten de President Léon Kraus mam Françoise Reuter a Marcy Schroeder an Empfang huelen. De Scheck vu 4 000 Euro, deen un d‘Kannerduerf vu Miersch weidergeleet gëtt, huet d’Line Jacoby gären entgéint geholl. Den 2 500-Euro-Scheck, deen d’Michèle Jensen-Claren kritt huet, wäert der Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal zegutt kommen. Vun den Oeuvres Paroissiales Miersch hunn de Camille Schroeder an de Lucien Kass de Scheck vu 1 500 Euro mat Freed entgéint geholl. Mat engem 500-Euro-Scheck, deen d‘Sharon Rischard mam Nels Costa kritt huet, ass der Spillerekipp vu 5x Biereng och Merci gesot ginn. Am Virfeld ware schonn am Oktober een Don vun 1 000 Euro gemaach ginn, fir Zelter am Maroc ze bezuelen, wou dat schwéiert Äerdbiewen war. Des Weideren sinn 1 500 Euro un d’Oeuvres Sociales Bouneweg iwwerwise ginn, déi Iesswueren, Hygiensartikel a villes méi u Leit spenden, déi et sech net esou gutt leeschte kënnen. Nodeems dat all Scheckempfänger hir jeeweileg Vereenegung mat hirem Aufgabegebitt kuerz virgestallt huet, a fir de generéisen Don vun den Aktiv Frae Miersch Merci gesot hunn, gouf des Scheckiwwerreechung bäi engem gudde Patt gemittlech ausklénge gelooss. Bleift ze erwänen, dass den nächste Second-Hand-Maart an der Hal Irbicht zu Biereng elo scho fir den 28. an 29. Februar souwéi den 1. an 2. Mäerz fest am Kalenner steet, mat enger Kleedersammlung den 20. Februar och an der Hal Irbicht.