Flott Gebuertstagsfeier
An der Geenzebléi gouf mat der Amicale gefeiert
Wolz. Et ass Traditioun an der Geenzebléi, datt déi zweet Woch am Januar déi Bewunner geéiert ginn, déi am ale Joer am Oktober, November an Dezember Gebuertsdag haten. Bei der Begréissung huet de President Jing Huet am Numm vun der Amicale deene 25 Geéierte fir hire Gebuertsdag gratuléiert an hinnen nach laang eng gutt Gesondheet gewënscht. De President huet och der Direktioun, dem Personal an de Bewunner an alle Memberen aus der Amicale nach nodréiglech all Guddes a virun allem eng gutt Gesondheet fir dat aktuell Joer gewënscht.
Bei dëser Feier war d‘Direktioun aus der Geenzebléi duerch d‘Anne Muller vertrueden. D‘Gemeng war duerch d‘Buergermeeschtesch Carole Weigel an déi éischt Schäffin Chantal Kauffmann vertrueden. D‘Buergermeeschtesch huet sech de Wënsch vum President ugeschloss bei hirer Ried un d‘Bewunner aus der Geenzebléi an hinne gesot, wann et hier nëmme méiglech wier, datt si selbstverständlech gären op dës Feiere kënnt. Duerno gouf den Happy Birthday vum Orchester Michel ugestëmmt a bei flotter Musik gouf gesongen a gedanzt. D‘Bewunner hu sech de Gebuertsdagskuch bei engem gudde Patt an enger Taass Kaffi gutt schmaache gelooss. D‘Personal an d‘Membere vun der Amicale hunn de Service assuréiert. D‘Gemeng huet e Kaddo un all Bewunner, déi 90 a 95 Joer kritt hunn, iwwerreecht. Alleguer déi 25 Geéiert kruten e Kaddo vun hirer Amicale.
Et goufe geéiert: Andy Meyer (38), Jeannine Wirth (68), Hélène Grosges-Weides (71), Roland Lanser (73), Fernand Deviscour (75), Jean-Pierre Reimen (77), Edith Weis-Weirich (77), Wilhelm Wego (79), Ernestine VanhaekendoverEverard (80), Margot SiebenalerKeiser (81), Heidi Reiles-Diggelmann (82), Marcel Defay (85), Bernhard Goeders (86), Nicolas Hansen (88), Germaine Lenners (89), Philomène Kergen-Delaporte (90), Irma Duton-Balthasar (90), Ottilie Kieffer-Simon (90), Margot Weber-Roderich (91), Cécile Ohenstetter-Reckinger (92), Marie Mossong-Pütz (92), Julie Gillander-Ourth (93), Hélène KergerWallig (94) an Emile Bourone (95).