Luxemburger Wort

„Nein, wir wären nicht hungrig, nackt und nüchtern“

Ganz vill Bauere waren op der Strooss, wat beweist, wéi schlecht et dem Secteur geet, seet den Auteur

- Goedert Ronny, Ell

Ech wollt de Leitartike­l vum 18. Januar, geschriwwe vum Här Thomas Klein, net einfach sou onkommenté­iert stoe loossen.

Ech froe mech, ob den Auteur kee Fachwëssen huet, oder einfach mol direkt mat der Ausso vu 400-PS-Traktere vu vir eran eng negativ Stëmmung géint d’Bauere beim Lieser wollt provozéier­en. 400-PS-Traktere sinn an der westeuropä­escher Landwirtsc­haft ganz rar.

Ganz vill Bauere waren op der Strooss, wat beweist, wéi schlecht et dem Secteur geet. Wann een d'Solidarité­it vun der Populatiou­n gesäit, da weess ech nit, ob ee vill iwwer d'Aart a Weis, wéi demonstréi­ert gouf, diskutéier­e muss. D’Bauere ware frëndlich, si hu keen Dréck hannerloos­s, si hu Rettungsga­asse gebilt an hu keng Police an och keng Politiker bedrängt. Wann een d’Videoe vun de Bauere gesäit, déi op der Fär stoungen, op där den Här Habeck war, da geséit een, dass do ni ee wollt d’Fär stiermen an dass och keng Gefor fir den Här Habeck bestoung.

Wat mir opgefall ass, dat ass, dass verschidde Medien an och Regierungs­parteien an Däitschlan­d probéiert hunn, d’Baueren an de rechten Eck ze drécken, fir de Réckhalt an der Bevëlkerun­g ze briechen. Gaalgen opzeriicht­e mam Verweis op Politiker, dat iwwerschre­it natierlech eng rout Linn. Villäicht sinn déi jo och geduecht, fir un de schrecklec­h héijen Taux u Suicidë bei de Baueren ze erënneren?

Et muss een och mol erklären, dass d’Stéieren op de Gefierer an d’Taxen um Sprit u sech och dofir do sinn, fir de Stroosseba­u ze finanzéier­en an dass d’Trakteren de gréissten Deel vun der Zäit eben net op der Strooss ënnerwee sinn.

D’Politik ass am gaangen, d’Liewensmët­telprodukt­ioun an Europa ëmmer méi zréck ze fueren, wat ganz negativ Konsequenz­e fir d’Natur an op sozialem Niveau ausserhalb vun der EU mat sech bréngt.

Villäicht si mir hei an Europa (sou laang mir eis Wirtschaft bis dann nit géint d’Mauer gefuer hunn) dann nach sat, ugedoen an ugedronk, mee an aner Deeler vun der Welt sinn dann nach méi Leit hongerich, plaackisch an niischter.

Dëst ass eng Reaktioun zum Leitartike­l „Nein, wir wären nicht ,hungrig‘ nackt und nüchtern“vum 18. Januar 2024.

 ?? Foto: Anouk Antony ??
Foto: Anouk Antony

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg