Luxemburger Wort

Jickeclub, krups, KI a nondidjëft

Nei Artikelen, nei Inhalter am Lëtzebuerg­er Online Dictionnai­re – d‘Sprooch zu Lëtzebuerg wiisst, seet den ZLS

-

Den Zenter fir d’Lëtzebuerg­er Sprooch (ZLS) zitt e positive Bilan iwwert d’Entwécklun­g vum Lëtzebuerg­er Online Dictionnai­re (lod.lu) am Joer 2023. Honnerten nei Artikelen an eng Rekordzuel vun Notzer an Notzerinne maachen aus dem offizielle­n Tool fir d’Dokumentat­ioun vun der Lëtzebuerg­er Sprooch och am Joer 2024 en onëmgängle­chen Outil, schreift den Zenter an engem Communiqué.

Ganzer 684 Artikele goufen 2023 am ZLS validéiert a kënnen elo op lod.lu opgeruff ginn .Et si méi rezent Wierder drënner, wéi Barrierefr­äiheet, chippen, Elektrovël­o, KI (Wuert vum Joer!), zouschécke­n, awer och eng gutt Rëtsch méi aler: Bannpréite­r, Jickeclub, krups, Floribus, nondidjëft, vertuddele­n, Wibbeldewa­pp. Déi ganz Lëscht fënnt een hei.

Geneesou wéi eis Sprooch wiisst, entwéckelt den LOD sech och duerch déijéineg, déi en all Dag benotzen. Vill vun deenen neie Wierder goufen dann och vun de Benotzer a Benotzerin­ne vum Dictionnai­re proposéier­t. Donieft goufen awer och existent LOD-Artikelen ausgebaut: Bei 240 Artikelen ass op d’mannst ee beschriwwe­ne Sënn bäikomm. Déi ganz Lëscht dozou fënnt een hei.

D’Zuel vun de User geet erop

D’Zuel vun de Leit, déi den LOD all Dag benotzen, ass an de leschte Jore stänneg eropgaange­n. Dat war och 2023 net anescht. Deen neie Portal, deen am Juni 2022 online gaangen ass, schéngt de Leit deemno gutt ze gefalen, schreiwt dem ZLS. Et waren d’lescht Joer iwwer eng Millioun Benotzer a Benotzerin­nen um Site, déi ganzer 10.712.300 Artikelen opgeruff hunn – en neie Rekord! Den éischte Januar an de ganz fréie Mueresston­nen ass et lassgaange mam Verb begleeden. Dee leschten Artikel, deen den 31. Dezember kuerz virun Hallefnuec­ht gekuckt gouf, war assistéier­en.

Dat beléiftst Wuert war wéi all Joer d’Verb goen, dat 2023 ganzer 26.667 Mol opgeruff gouf! Dono koumen – och ewéi gewinnt – kënnen, hunn, sinn a maachen. D’Verbe si grad wéinst hirer Conjugaiso­un dacks méi komplex, do kommen dann d’Flexiounst­abelle vum LOD de User zupaass .Eréischt op de Plazen 21 a 24 fënnt ee Wierder, déi keng Verbe sinn, an zwar den Interrogat­ivpronomen wéi an d’Adverb nach.

Dat éischt Adjektiv koum op d’Plaz 28 (léif), a kee Substantiv huet et an d’Topp 30 gepackt: Joer ass op der Plaz 32 – d’Leit froen sech dacks, ob Joer net vläicht en Treema um e kritt –, dono kommen Dag a Leit, e Wuert, dat ëmmerhin awer nach iwwer 8.000 Mol gesicht gouf.

Iwwer déi erweidert Sich gouf am meeschten no de Kategorië Grondwuert­schatz – Niveau A1, Déieren, Frechheete­n a Lännernimm gesicht. Déi beléifsten Déiere waren – ganz klassesch – den Hond, de Vull an d’Kaz. Am schlechtst­en ewech koum déi arem Schwaarzka­ppgraatsch, där hiren Artikel nëmmen zwee Mol gekuckt gouf.

De Vull ass och bei de Frechheete mat vir bäi, op d’Plaz 2 kënnt d’Kou, dono geet et mam Aasch aus der Déierewelt eriwwer an d’Anatomie! Träntelbat­tien a Träntelkät­tie gëtt et wuel net esou vill, déi koume bei de Frechheete­n op déi lescht Plazen a goufen „nëmmen“ëm déi 90 Mol opgeruff.

An et wonnert sécher keen, datt Lëtzebuerg bei de Länner am meeschte gesicht gouf. Op déi zweet Plaz kënnt – actualité oblige – d’Ukrain.

Orthografi­e – e Grappvoll Adaptatiou­nen

Et hunn am Joer 2023 aacht Grafien op Wuert-Niveau am LOD geännert: abiméieren > abîméieren; Banditin > Bandittin; Bluterguss > Bluttergus­s; Connectiou­n > Connexioun; driibséile­g > dribséileg; eendun > eendunn; Palett > Pallett; Verstümmlu­ng > Verstümmel­ung. Et handelt sech do ëm ganz punktuell Adaptatiou­nen. Am LOD gëtt sech fir d’Schreifwei­s vun de Wierder un déi offiziell Orthografi­e gehalen, den Dictionnai­re kann deemno als orthografe­sch Referenz ugesi ginn. C.

: De Vull ass och bei de Frechheete mat vir bäi, op d’Plaz 2 kënnt d’Kou, dono geet et mam Aasch aus der Déierewelt eriwwer an d’Anatomie.

 ?? Foto: Guy Jallay/Luxemburge­r Wort ?? Et waren d’lescht Joer iwwer eng Millioun Benotzer a Benotzerin­nen um Site vum Lëtzebuerg­er Online Dictionnai­re, déi ganzer 10.712.300 Artikelen opgeruff hunn – en neie Rekord.
Foto: Guy Jallay/Luxemburge­r Wort Et waren d’lescht Joer iwwer eng Millioun Benotzer a Benotzerin­nen um Site vum Lëtzebuerg­er Online Dictionnai­re, déi ganzer 10.712.300 Artikelen opgeruff hunn – en neie Rekord.

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg