Lëtzebuerger Witzen a Musek ëmgesat
De Lex Roth beweist säi Gefill fir d’Lëtzebuerger Sprooch an hiert musikalescht „Temperament“
Och wann eis Zäit wierklech net fir ze laachen ass, ass vläicht just dowéinst e gudde Witz heiansdo eng giedeleg „Medezinn“, wéi de Lex Roth zu sengem kierzlech publizéierte Bichelchen mam Titel „Gegrimmels a Schnoken am Takt“mengt. Dobäi ass et net jidderengem op déi selwecht Manéier ginn, fir e Witz éierbar ze verzielen, an esou mun
Lesezeit
cheree bréngt „d’Pointe“alt emol schonn op där falscher Plaz ... Anerer kënnen eng Gesellschaft e ganzen Owend mat enger gelleger Theatervirstellung ënnerhalen, wou all Witz oder Schnok (dt. „Schnurre“; fr. „farce“) gutt ukënnt. Wat elo déi eng vun deenen aneren ënnerscheet, ass, datt déi eng et eraus hunn, dat Ganzt an engem flotte Rhythmus, souzesoen am Takt, duerzebidden, sou datt jiddereen dovu matgerappt gëtt an zerguttstert laache muss.
Lëschteg Geschichtercher am Takt
A sengem neie Schnoke-Buch zerwéiert de Lex Roth eng 120 genësseg Witzen, op eng flott Manéier vum Carlo Schneider illustréiert. Wéi de Lex Roth erkläert, behale mer en Text besser a méi laang, wann e „strukturéiert“, also am Takt ass. Dëst gëllt fir all Text
:
Laachen ass ëmmer nach déi beschte Medezinn. formen, natierlech och, oder vläicht esouguer ëmsou méi, fir méi lëschteg Geschichtercher. Dëst huet eise Schreiwert dozou bruecht, en etlech Dose Witzen an e puer méi eescht Saachen an eng „Form“ze setzen, déi sech un e Rhythmus, an deelweis un e Reim hält, an ouni dobäi deen natierleche Floss vun der Sprooch kënschtlech ze veränneren.
A sengem Virwuert vergläicht de Lex Roth dës Manéier mat der Musek oder engem Danz am Takt. Dobäi ass fir hien net onbedéngt de Reim esou wichteg, hie wëllt op alle Fall „onnatierlech verdréinte Sätz [vermeiden], fir datt se solle reimen“, eppes, wat iwwregens och scho sengerzäit den Dicks sengem Dichterkolleeg Méchel Lentz virgeworf hat. Hie gesäit sech selwer iwwregens an der Traditioun vun engem Pir Kremer, Pol Pütz oder Jeanine Theis-Kauth.
De Lex Roth huet domat jiddefalls a sengem Virwuert net ze vill versprach, hie beweist hei säin absolut stilséchert Gefill fir d’Lëtzebuerger Sprooch an hiert musikalescht „Temperament“, an et lount sech onbedéngt, seng flott „komponéiert“Sammlung vu Schnoken ze liesen a firwat net och op engem gesellegen Owend ënner Frënn zum Beschten ze ginn!