Happy Birthday
Ronne Gebuertsdag am CIPA Blannenheem gefeiert
Miersch. Vum Juli bis zum Dezember waren et zesummen 18 Bewunner aus dem CIPA Blannenheem zu Rolleng/Miersch, déi d’Gléck haten, fir hire ronne Gebuertsdag dierfen ze feieren. Wéi et neierdéngs zur Traditioun gehéiert, haten di Verantwortlech vun der Direktioun mat hirer Ekipp am Mount Januar zu enger flotter Gebuertsdagsfeier invitéiert. A senger Laudatio ass de Generaldirekter Thierry
Lutgen a Presenz vum Carole Theisen, als Chargée de direction, op Sënn an Zweck vun sou enger Feier agaangen an huet uschléissend och alle Gebuertsdagskanner am Numm vum Haus häerzlech zu hirem Jubiläumsdag gratuléiert. Fir de Buergermeeschter Michel Malherbe mat sengem Schäffen Henri Krier, war et eng besonnesch Éier, fir alle Gebuertsdagskanner säitens der Gemeng Miersch seng beschte Gléckwënsch ze iwwerbrénge fir och nach weiderhin zefridden a gesond Liewensjore kënnen ze genéissen. Mat engem passende Kaddo sinn d‘follgend Jubilare geéiert ginn: Fir 80 Joer: Marianne Weber-Meyers, Jacques Dessouroux a Marie-Thérèse Heck. Fir 85 Joer: Guitty Ottele-Decker, Robert Lenners, Fernande Bontemps-Schmit, Roger Petry, Nicolas Gilson, Marie-Josée Schiltz-Kinnen an AnneMarie Philipps-Marche. Fir 90 Joer: Antoinette Geisen-Kutta, Nelly Schaack-Gengler an Hermelinda Carcia-Gonzalez. Fir 95 Joer: Jeanne Schmit-Reuter, Germaine Buttel-Zimmer, Anne Klein-Weber, Marie Kneip-Molitor a François Lauer. Verschidde Jubilaren, déi dëser Feier net konnte bäiwunnen ass och gratuléiert ginn. Fir di richteg Gebuertsdagsstëmmung huet d’Lisa Mariotto mat flotte Lidder de ganzen Nomëtteg och beschtens gesuergt. Nom Opschneide vum grousse Gebuertsdagskuch mat engem Glas Cremant huet des schéi Feier an angeneemer Atmosphäre säi würdegen Ofschloss fonnt.