Luxemburger Wort

Heescherei a keen Enn

Véier Punkten, déi an der Diskussiou­n ëm den Heeschever­buet vergiess ginn

-

Bei deenen onendleche­n Diskussiou­nen iwwer dëse Problem, gëtt esou Munneches vergiess. Duerfir schléissen ech mech mat weideren Detailer enger Lieserin hirem Bréif vum 31. Januar un.

1) Et geet beim Verbuet net nëmmen drëm d’Hand oder de Becher duerzehale­n. Neen, dat ganzt Geheeschs gëtt vun der Stad an eisem Land e komplett falscht Bild, besonnesch fir Touristen. Donieft, wann Der Iech ëmfrot, héiert Der, datt déi Situatioun ville Stater Leit op de Wecker geet. Déi meescht vun deenen Heescherte­n a Strummerte bräichten nämlech guer net do ze sëtzen, well, wann se nëmme wëllten, kriten si eppes ze iessen, géifen och gewéinlech ënner Daach kënne logéieren.

2) Déi meescht sëtzen net nëmmen e puer Stonnen do, si halen sech 24 Stonne vu 24 an der Stad op. Owes an nuets leien se an Agäng vun Haiser oder Geschäfter, iessen, a besonnesch drénken do, schlofen, a maachen hir Nout do. All deenen, déi sech esou onmoosseg fir si asetzen, wënschen ech, datt dat virun hirer Dier soll geschéien.

3) Wann och en etlech vun hinnen effektiv schaffe wëllten a keng Plaz fannen, sou wëll eng grouss Mass vun den Heescherte­n iwwerhaapt keng Aarbecht. Si liewen an den Dag eran, wëllen näischt vu Contrainte héieren.

4) Wat nun awer all hir „Frënn a Beschützer“ubetrëfft, sou wéisst ech gär, wat si fir hir Schützling­e maachen, ausser ze protestéie­ren, géingt eis Buergermee­schtesch an e Minister ze stänkeren an hir Demissioun ze froen. Wéi vill vun hirer Pai, hirem Täschegeld ginn si all Mount hier? Verzichten si op Handy, Auto, Vakanzen, Restaurant? Wéi vill Zäit afferen si, fir sech ëm déi Leit ze këmmeren? Et ass liicht, déck Baken ze maachen, a grouss Téin unzeschloe­n. Perséinlec­h halen ech mech zanter Joren un déi al kierchlech Reegel, a ginn all Mount d‘„dîme“vu menger Pai, an elo menger Pensioun, fir gutt Wierker an Hëllef géingt d‘Aarmut. Fir e weideren Asaz sinn ech leider ze al.

Raymond Schaack, Gasperich öffentlich auf meiner Facebookse­ite zugänglich sind, nicht wiederfind­en. Er behauptet, ich würde den Identitäts­diskurs befeuern und „mit den Wölfen heulen, um Likes zu sammeln“, und stellt dann obendrein einen absurden Zusammenha­ng mit meinem Aktivismus bei „déi Lénk“her.

Unabhängig davon, dass ich hier absichtlic­h falsch interpreti­ert werde, wehre ich mich auch gegen diese Pseudo-Moral und Schwarz-Weiß-Malerei, die höchstens dazu führt, dass jeder Diskurs über Sprache, Identität und Kultur eben gerade den Nationalis­ten überlassen wird. Diesen gibt man noch Rückenwind, wenn man kritische Autoren von links in die nationalis­tische Ecke drängt, nur weil sie diese Themen eben nicht exklusiv den „heldenhaft­en Patrioten“überlassen. Genau so bringt man die Stimmung aus „dem brodelnden Sumpf der Niedertrac­ht in den On-lineKommen­tarforen“in die Leitartike­l der Mainstream­presse und lässt sie damit in die breite Gesellscha­ft überschwap­pen.

Serge Tonnar,

Mersch

Dies ist eine Reaktion zum Leitartike­l „Brodelnder Sumpf der Niedertrac­ht“vom 2. Februar 2024.

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg