Am Joer vum Gebiet zesummen op Lourdes
D’Lëtzebuerger Diözees fiert mat engem gréissere Grupp op de Pyrinäen. D’Foulards Blancs begleeden déi Krank
Och dest Joer fiert d’Lëtzebuerger Diözees nees mat engem gréissere Grupp mam TGV vu Metz op Lourdes. D’Foulards Blancs begleeden déi Krank. Dest Joer wëlle mir dem Poopst Franziskus säin Opruff zum Gebiet am Virfeld vum Hellege Joer 2025 ganz besonnesch opgräifen. Lourdes ass d’Plaz vum Gebiet schlechthin. Dese Gnodenuert um Fouss vun de Pyrinäen gouf am Laaf vun der Zäit fir dausende vu Mënschen zu enger Plaz vun Trouscht an Heelung. Den diözeesane Pilgerbüro freet sech duerfir, am Virfeld vum 11. Februar, dem Weltkrankendag um Dag vum Fest vun der Notre-Dame-de-Lourdes op déi diözeesan Wallfaart vum 20.-25. Juli 2024 opmierksam ze maachen. Si steet och dest Joer nees ënnert dem Virsetz vum Weibëschof Leo Wagener, laangjärege Lourdespilger an Aumônier vun de Foulards Blancs. D’Priedegten ginn 2024 vum President vum Lëtzebuerger Seminär, dem Generalvikar Patrick Muller, gehalen. Kranker a Gesonder, Jonker an Eelerer, Mënsche mat ënnerschiddleche Beruffungen an Talenter, Lëtzebuerger a NëtLëtzebuerger wëllen zesummen an d’Grotte vu Lourdes pilgeren. Lourdes ass eng offe Plaz déi fir jiddereen zu engem Erliefnis ka ginn, een Uert wou ee säi Mënsch-a Chrëschtsinn matenee verbanne kann, eng Plaz wou een seng Suergen am Gebiet kann ofleeën, wou een dem Herrgott d’Éier erweise kann, em Verzeiung froe kann an ee neien Ufank setzt. Zu Lourdes wëlle mir zesummen op dem Herrgott säi Wuert lauschteren an e puer onbeschwéiert Deeg a Frëndschaft mat anere verbréngen. Munchereen huet zu Lourdes schonn een heelend Wuert geschenkt kritt oder eng nei Frëndschaft geknëppt an d’Kierch an hirer ganzer Faarwegkeet nei entdeckt. Dest Joer steet d’Wallfaart ënnert engem weidere Wuert vun der schéiner Damm un d’Bernadette Soubirous: “… Venez ici en procession!” Eng Prëssessioun ass keng almoudesch Mannéier fir ze bieden, mee et ass ee ganzheetlechen Ausdrock vu Glawen. U sech si mir jo all nëmme Gäscht, d.h. Pilgerinnen a Pilger op deser Welt. Jidderee vun äis dréit mol méi, mol manner schwéier, um Liewen. All hu mir eis Suergen, droe Wonnen an äis déi daks bis an d’Kannerzäit erareechen. Jidderee vun äis dréit duerch sneg Daf eng Beruffung a sech an ass op der Sich nom Gléck. Grad an onsecheren Zäiten ass et wichteg fir sech mat an
eren ze vernetzen. Des geliefte Solidaritéit ass méiglech bei der Lourdeswallfaart 2024. Wann dir intresséiert sidd, da schreift einfach op pelerinages@cathol.lu oder meld iech am Büro vu LuxPélé beim Dani Mackel um 43 60 51 – 379: Donneschdesmoies vun 9.00 – 12.00 a Freides vun 9.00-12.00 a vu 14.00 – 17.00 Auer. Fir all Umeldungen
vun deene Kranken an de Mënschen mat ageschränkter Mobilitéit kënnt dir iech direkt beim Marie-Claire Rasqué um 23620720 melden. Mir si frou e klengt Stéck Wee mat iech ze goen. Och dest ass geliefte Synod am Virfeld vum Hellege Joer 2025.