Luxemburger Wort

Wie kann hëllefen, wann ech e Betrib wëll iwwerhuele­n

Villen Entreprise­n zu Lëtzebuerg feelt et oft un engem direkten Nofollger, deen d’Geschécker vun der Firma iwwerhuele­n a leede kann. Dës Betriber sinn awer ganz oft gesond Betriber mat Potential fir Zukunft. SNCI: En ideale Partner fir Berodung a Léisunge

- T e x t v u n d e r F i r m a g e s c h r i w w e n

Beispill fir sou e Betrib ass d’Schlässere­i zu Berbuerg, déi vum Christian Cortina a Sven Kinnen iwwerholl gouf.

Zwee couragéier­t a kompetent Entreprene­uren, déi sech entscheet hunn, sech an d’Direktioun vun enger Firma als eegene Patron z'engagéiere­n.

Ganz eleng hunn si dat awer net gemaach. Si konnten nieft hirer Bank och ob aner Partner, esou wéi d’SNCI, Société Nationale de Crédit et d’Investisse­ment, zeréckgräi­fen.

Begeeschte­rung, Fachwëssen a Finanzplan­g

Et ass wichteg, dass d’Repreneure vun engem Betrib e komplette Finanzplan­g duerleeën, deen de Budget vun der Reprise festsetzt an déi finanziell Situatioun vum Betrib an enger ganz detailléie­rter Planifikat­ioun virgesäit.

De Finanzemen­t vun der Entreprise kann aus enger Kombinatio­un vun Eegekapita­l, Bankkredit, Subventiou­nen, Investisse­uren oder aner Finanzéier­ungsforme bestoen.

D’SNCI versicht, fir d‘Finanzéier­ung vun esou engem Projet en Equiliber tëschent dem Deele vum Risiko an dem Kofinanzem­ent mat de Banken ze fannen.

Déi zwee Associéë konnte vum Programm proTransfe­r vun der SNCI profitéier­en, dee genee dofir do ass fir bei der Transitiou­n vun Entreprisë mat Kreditter a Berodung ze hëllefen.

„D’SNCI ass e vertrauens­volle Partner an huet mir a mengem Associé vertraut, wéi et drëms goung, eis beim Iwwerhuele vun der Firma finanziell ze hëllefen. Natierlech hate mir en zolitte Business-Plang deposéiert, deen se iwwerzeegt huet an deen och nach haut gëllt“, esou de Christian Cortina.

Héich motivéiert sinn, fir eppes ze beweegen!

D’Schlässere­i zu Berbuerg ass en Handwierks­betrib mat enger gudder Renommée, deen op d’Produktiou­n vu Metallprod­ukter spezialisé­iert ass. Si maa

SNCI Luxembourg

che Gelänneren, Dieren, Mauerofdec­kungen a Rampen ... op Mooss, fir Privatleit, wéi och fir Betriber.

D’SNCI hëlleft den Entreprene­uren hir Firma opzebauen, ze developpéi­eren an ze innovéiere­n, oder wéi hei, e Betrib ze iwwerhuele­n. Wann och Dir e Projet fir eng Entreprise hutt, da kann d’SNCI Iech, zesumme mat Ärer Bank hëllefen. Kontaktéie­rt eis direkt oder online. „D’SNCI ass e vertrauens­volle Partner an huet mir a mengem Associé vertraut, wéi et drëms goung, eis beim Iwwerhuele vun der Firma finanziell ze hëllefen.“Christian Cortina

7, rue du St Esprit – L-1475 Luxembourg (Ville-Haute) Tel.: 00352 46 19 71 1 | www.snci.lu

 ?? ??
 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg