In Memoriam Marcel Goniva (*1926-2024†)
De Marcel wäerte mer vermëssen!
Aus dem Stadbild ass hie verschwonn, dee schlanke, groussgewuessene Mann, deen op säi Bengel gestäipt, bäi Wand a Wieder seng Kommissioune gemaach an säin deegleche Marsch absolvéiert huet. Dee frëndleche Mënsch, dee lénks a riets gegréisst huet an ëmmer fir eng Kosettche gutt war, ass net méi. Et feelt deen allzäit beschtens informéierte Gespréichspartner, mat deem een esou herrlech iwwer Gott an d'Welt potere konnt an och ganz eescht Ënnerhalunge konnt féieren. Den Zäitzeie vun deemools, deen esou genau verziele konnt, wéi et wor, wéi hie mat 17, 18 Joer an di verhaassten Uniform gepresst ginn ass a wéi di lescht Méint vum Krich un der Front bäi Berlin woren, ass net méi do. Deen zweebeenigen Dictionnaire, deen Tournuren, Riedewendungen an Idiomen a véier Sprooche laachend zitéiert huet, gëtt keng Auskonft méi.
De Marcel Goniva ass am Alter vu 97 Joer gestuerwen. De Mann vun der belscher Grenz hat et no dem Krich an der Besatzungszäit zu Bitburg an d'Kasärestad Dikrich verschloen, wou hie bis zulescht gewunnt huet. An der Arméi war hie verantwortlech fir d'Reparaturatelieren. No senger Pensionéierung huet hien nach 9 Joer als Instrukter am Centre
Complémentaire zu Dikrich gewierkt, wou hien der Jugend sécher net nëmmen d'Technik nobruecht huet. Well de Jonken ass hie verbonne gewiescht, net nëmmen an der Famill, mee och bäi senge Virtreeg op de Journées de la Mémoire an de Lycéeën oder bäi senger Collaboratioun am Nationale Militärmusée. Joerzéngtelaang war hien och di dreiwend Kraaft bei der lokaler Amicale vun den Zwangsrekrutéierten.
Ee schwéiere Schlag huet him den Doud vu senger Fra Fernande versat, mat der hie méi 70 Joer bestuet war an der hiert Grav zu Käerch hien all Sonndeg besicht huet. Hieren Doud huet him vill vu senger Liewensfreed geholl, och wann hie bis a seng lescht Méint kierperlech a geeschteg aktiv bliwwen ass.
Mam Marcel Goniva huet eis ee Léiermeeschter an der Liewenskonscht verlooss. Mir wäerten hien net vergiessen.
Jean Spielmann,
Dikrich