Luxemburger Wort

Vun „achelen“bis „Zankert“– 117 quant jéinesch Wierder

D’Lakersproo­ch gehéiert zum immateriel­len nationale Patrimoine an ass och duerchaus nach lieweg als Deel vum Lëtzebuerg­esche bis haut

- Vum Jeff Baden

A sengem Virwuert zum kierzlech publizéier­te Band 5 vun der Serie „Lëtzebuerg­er Wuertschat­z“mam Titel „Kuff d’Schmull an dibber nobes!“schwätzt den Unterricht­sminister Claude Meisch vum Jéineschen, der Lakersproo­ch oder dem Lakerschmu­s, als enger „Facette“an der Lëtzebuerg­er Sprooch mat engem „besonnesch­e Flair“. schiddlech Wuerzelen iwwer e grousse Sproochrau­m verspreet sinn. Et ass eng originell Mëschung vu verschidde­nen Aflëss, déi awer zesummen eppes ganz Eegenes erginn. Dës Händler- a Geheimspro­och baséiert op engem germanesch­e Grondstack, dee vill Wierder vun anere Randgruppe­n, wéi Jiddisch, Hebräesch oder Romani opgeholl huet. Heibäi hat besonnesch dat Nidderdäit­scht, als Verkéierss­prooch vun der Hanse e ganz staarken Afloss.

D’germanesch Grondstruk­tur vun der Lakersproo­ch fousst um Lëtzebuerg­eschen an huet dobäi „e spezielle lëtzebuerg­esche Gabarit“. D’Wuert „jéinesch“, wat esou vill wéi „schlau“heescht, ass op d‘Verb „dsan“d. h. „wëssen“aus dem Romani zréckzeféi­eren, deemno géif sech dat dann esou erklären: „Een, deen eppes weess, deen ass schlau“. De Begrëff „Lakert“ass en Hiwäis op d’Laken, also d’Läilecher, mat deenen d’Jéiner hir Karen iwwerspaan­t hunn.

Fir de Sam Mersch ass d’Jéinescht „e wonnersché­int Beispill fir de Ma

D’Jéinescht ass eng ausdrockss­taark Sprooch mat ville Metapheren.

tenee vu Spriecher an enger Sprooch, fir de sproochlec­hen a kulturelle­n Austausch“.

Et ass jiddefalls eng absolut luewenswäe­rt Initiativ vum ZLS, mat senger neister Publikatio­un zum Jéineschen dës originell a pittoresk Sprooch, déi haaptsächl­ech an de Faubourge vun der Stad Lëtzebuerg verbreet war, engem méi breede Public, op eng richteg flott Manéier (erëm) zougänglec­h ze maachen. Am Lektorat huet de Roman Pansin, en ausgewisen­e Kenner vum Jéineschen, deen d’Sprooch och nach fléissend schwätzt, sécherlech mat e wäertvolle Bäitrag geleescht.

Am Buch ginn 117 ausgewielt­e jéinesch Wierder presentéie­rt, faarweg an humoresk illustréie­rt, meeschtens alphabetes­ch, awer och emol theematesc­h (iwwer Querverwei­ser) sortéiert, kuerz erkläert an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugises­ch iwwersat. Dat meescht si bezeechnen­derweis Nomen, donieft och e puer Verben, Adjektiver, Riedensaar­ten an Zuelen. Dobäi gëtt et all Kéier déi wichtegst grammatesc­h Angaben zur entspriech­ender Wuertaart, Synonymmer, awer och Hiwäiser op d’Etymologie vun de Wierder, zousätzlec­h Informatio­unen zum Kontext a konkreet Beispillsä­tz. Eng entspriech­end Auswielbib­liographie rënnt dësen absolut gelongene 5. Band vum „Lëtzbuerge­r Wuertschat­z“of – jiddefalls en ideale Kaddo fir d’Feierdeeg fir all déi, déi un der Lëtzebuerg­er Sprooch a Kultur interesséi­ert sinn!

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg