Bréck iwwert d'Neiduerf: A weider gi faul Neel zesummegezammert
D'Baugeneemegung ass erdeelt ginn ouni ze bedenken, dass Leit 2 Petitiounen eragereecht hunn wou si hiren Désaccord mat dësem Projet manifestéiert hunn
Viru ganz ville Joren ass et eng Katharina déi Grouss ginn. Hei an der Stad hu mir d'Lydie déi Grouss.
Wann ee kuckt wei déi mat de Leit ëmginn a se alleguer ëmmer an ëmmer widder de Kapp stoussen, déi net mat hinnen d’accord sinn, da kann ee just soen „Hochmut kommt vor dem Fall“.
Mir wëllen hei net vun dem Heesche schwätzen mä et geet ëm dës ominéis Bréck iwwert d'Neiduerf.
Do ass elo d'Baugeneemegung erdeelt ginn, ouni ze bedenken, dass Leit aus dem Neiduerf 2 Petitiounen eragereecht hunn, wou si hiren Désaccord mat dësem Projet manifestéiert hunn. Dës gëtt einfach net eescht geholl. Do gëtt sech dann op eng Versammlung um Cents beruff, wou vill Leit, déi mol net do wunnen, d’accord sollte gewiescht si mat där Bréck. A mat kengem Wuert gi Versammlungen am Neiduerf ernimmt, wou Leit sech géint dëse Projet ausgeschwat hunn. Keng seriö Propositioun vun Alternativen, déi vun hinne komm sinn. Mir hunn hinne missten Alternative proposéieren. Den Ëmweltminister huet eis esou guer recht ginn, dass eis Alternativ déi bescht Léisung wier an eis encouragéiert well hien géif voll hannert eis stoen.
Da ginn déi Leit déi sech fir de Quartier asetzen als Dommer dohinner gestallt, wéi wa si näischt géife wëssen a verstoen. Just mir, déi gewielten Uebermenschen an der Gemeng sinn allwëssend, an dass dat Verspriechen, wat ech där Minoritéit ginn hunn agehale gëtt. Aha esou einfach ass et, eppes an dëser Gemeng ze kréien.
Da gëtt do fir eppes gestëmmt wat deemools, dat war 2021, sollt 24 Mio. kaschten. Da liest een an der Zeitung, dass de Bau-Index mindestens 70-80 % an d'Luut gaangen ass. Da froe mir eis wien hei de Steierzueler, gären iwwert den Dësch zitt.
Dës Leit, déi am Gemengerot sëtzen, wénke just nëmmen alles duerch, ouni mol nach eng Kéier eppes a Fro ze stellen. Et kann ee sech d'Fro stellen op se Angscht hunn géint dësen iwwermächtegen a grousse Buergermeeschter an ob dës Leit sech mat hirem kalen Häerz nach muer kënnen an de Spigel kucken.