Dem Cercle Vocal geet et gutt
Generalversammlung zu Bieles-Metzerlach
Bieles. Viru Kuerzem huet de Cercle Vocal op seng Generalversammlung invitéiert. An hirer Begréissung huet d’Presidentin erënnert, dass Villes an der Gesellschaft net zum beschten ass. An och de Cercle Vocal kennt, wéi all Veräiner, eng ganz Rei Problemer. Awer virun allem konnt si konfirméieren, dass et dem Cercle Vocal gutt geet, an dat duerch verschidden Aspekter. De Chouer gëtt net midd, sech mat grousser Leidenschaft fir gudden an harmonesche Gesang ze engagéieren. D’Sängerinne wëssen aus hirer laangjäreger a räicher Erfarung: gemeinsaamt Sangen dréit zur Liewensqualitéit bäi, ënnerstëtzt déi physesch a psychologesch Gesondheet a si kënnen duerch Deele vun hirem Talent och aner Mënsche Freed an Trouscht schenken.
Dat huet de Cercle Vocal och direkt ënner Beweis gestallt: Zesumme mat der Assemblée hunn d’Sängerinnen dat Stéck „ Sehnsucht nach Frieden“gesongen. A jidderee konnt materliewen, wat et bedeit, sech vum Gesang matrappen ze loossen.
No fënnef Joer konnt de Cercle Vocal och deen neien Dirigent virstellen: Mam Csaba Fazekas ass de Chouer ganz gutt gefall. Hien verlaangt vill vun de Sängerinnen, ma fuerdert a fërdert gläichzäiteg. Sou kann deen harmonesche Chouerklang ënner senger Leedung a virun allem mat senger Begeeschterung weider perfektionéiert ginn. De Cercle Vocal an den Dirigent freeë sech op eng gutt Zesummenaarbecht.
Den Tätegkeetsbericht vum Nelly Fellinger-Bernard huet gewisen, dass de Cercle Vocal läscht Joer vill engagéiert war. Besonnesch d’Feierdeeg si gesanglech encadréiert ginn, dat virun allem an der Zolwer Kierch. Begleet ass de Chouer bei deene Geleeënheete vum Henri Nürenberg, dem JeanMarie Wagner oder och nach vum Claude Clement, dee scho 40 Joer dem Cercle Vocal zur Säit steet.
D’Simone Mesenburg-Biver huet an hirem Finanzbericht dëst Joer en „Excédent de dépenses“misse feststellen. Trotzdeem huet de Chouer momentan nach eng gutt finanziell Basis.
Och dëst Joer ass de Cercle Vocal frou, erëm eng Rei laangjäreg Membere konnten auszezeechnen. D’Gilberte BattingKoch huet am November schonn en extra Diplom vum Piusverband fir 60 Joer iwwerreecht kritt, d’Monique Metz-Grof op Cäciliendag d’Sëlwermedail fir 20 Joer. Vun der UGDA huet d’Juliette Asorne-Cattani d‘Médaille en Vermail Grand-Duc Adolphe fir 60 Joer iwwerreecht kritt.
Vertrieder vun der Gemeng, der Kulturkommissioun, dem Piusverband, der UGDA, den Oeuvres Paroissiales, der Pastoralekipp hunn deene Geéierten an dem ganze Cercle Vocal mat hirem Dirigent gratuléiert a Merci gesot fir hiert grousst Engagement an hire wäertvolle Bäitrag zum kulturellen a spirituelle Liewe vun der Gemeng an der Pargemeinschaft.