Biertreng: Schlass, Routbichenallee a Bréck
Eng Renovatioun vum Schlass an déi am Joer 1944 gesprengte Bréck, wär ee wäertvolle Beitrag fir dat nationaalt Denkmal a fir de historesche Patrimoine
Biertreng, säi Schlass, seng Routbichenallee a seng Bréck. Wierklech eng eemoleg Lëtzebuerger Geschicht, sou och den Titel vum Marc Schoentgen sengem am Joer 2021 publizéierten a mat wonnerbare Fotoen illustréierte Buch zum Biertrenger Schlass. ‘t kann een dem Auteur nëmme recht ginn, wann hie schreift, datt dat Schlass, dat an engem besonnesch idyllesche Site liicht erhuewen am schéinen Uelzechtdall läit, duerch seng Ausstralung a säi spezielle Charme begeeschtert.
Duerfir ass et schéin ze gesinn, datt nei geplanzte Beem an där iwwer honnert Joer aler Routbichenallee déi Lächer, déi tëscht deene wonnerschéine Routbichen entstane sinn, rëm zoumaache sollen, och wann dat nach laang Zäit dauert. Dat Schlass mat ronn 90 Hektar Lännereie gouf vun der Baronesse Claudine de Broqueville no hirem Ofliewen un d’Rout Kräiz vermaach, duerno ass et vun enger Privatpersoun kaaft gi fir et ganz ze renovéieren. ‘ t wär awer och begréissenswäert, sou wéi scho mol ugeduecht, wann déi am Joer 1844 aus roudem Sandstee gebauten a ronn honnert Joer méi spéit, am Joer 1944 leider gesprengte Bréck, rëm no ale Pläng kéint opgebaut ginn, ee wäertvolle Beitrag fir dat nationaalt Denkmal a fir de Lëtzebuerger historesche Patrimoine insgesamt. Dem Carlo Hemmer säi Wanderbuch aus dem Joer 1974 beschreift eng „Radtour über die besinnliche, schmale, verkehrsstille Straße, die im Tal der Alzette am Schlosspark von Colmar-Berg vorbei zwischen der Toussaint-Mühle und dem Birtringer Schloss hindurch über Grentzingen durch den Lärchen nach Ettelbrück führt“als Genoss – an dat ass absolut sou! Als Schirener Jongen si mir oft mam Vëlo duerch de Lärchen déi aner Säit vun der
Uelzecht a Richtung Ettelbréck gefuer. Mat enger lokal-historesch bedéngter, gewësser Angscht virun engem Schoss mam Gewier vum Schlass hier – awer just mat Salzkugelen, wéi de Schirener Lokalhistoriker Mil Goerens am hei zitéierte Fotobuch preziséiert huet – hu mir ëmmer een Ulaf geholl fir sou séier wéi méiglech laanscht dat Schlass ze rennen. Haut ass de Bléck op dat imposant Schlass een absolutte visuelle Genoss, besonnesch wann een déi Vue vun uewen, vu Schrondweiler hier kommend, genéisse kann. Eng Renovatioun vum Schlass , déi fantastesch wär, wann déi kéint realiséiert ginn, war jo scho mol geplangt…
Als Velofuerer wär et och intressant, wann déi Bréck déi flott Vëlosweeër vun deenen zwou Säite vun der Uelzecht , dann duerch déi herrlech Allee féierend, kéint matenee verbannen. Sou wären d’Schlass, d'„Härenallee“an d'„Baronsbréck“– historesch nom fréiere Lëtzebuerger Premier, dem Baron Félix de Blochhausen, benannt, deen hei am Schlass gebuer gouf an och do gewunnt hat, an dee mat der Kutsch duerch d’Routbichenallee op d’Schirener Gare gefuer gouf – nach méi valoriséiert a fir ëmmer geséchert.
Eng sécherlech flott a positiv politesch Missioun, wou ee souwuel Kultur, wéi och déi douce Mobilitéit kéint sënnvoll matenee verbannen…